Angscht a Schrecke mat e bësse Kräid

Nationalfeierdag war schonn ëfters Thema op dëser Platz. Engt Joer hunn ech d’Leit all gefoppt, well ech einfach d’Geschicht vum Virjoer erzielt hunn, well am Fong all Nationalfeierdag genee d’selwecht ass. Dir kënnt dat jo gären an der Episod Nummer 31 nolauschteren. Mä dësen Nationalfeierdag war e bëssi anescht wéi soss. Dëst Joer hu mir nämlech wierklech de Kär vu Lëtzebuerg gefeiert.

Et puer Jonker hunn sech geduecht, den 23. Juni wier am Fong den idealen Dag fir iwwert dat komescht Konzept vun der Natioun nozedenken. Si hunn e puer Géigesätz wéi „Monarchie – Republik“ oder „Arméi – Kachkéis“ gesammelt an d’Nationalhymn ëmgedicht. Dat wollten si dunn op de Buedem virun der Philharmonie molen. Mat Kräid. Fir déi ënnert iech, déi dat verpasst haten: Mëttlerweil ass d’Wëssenschaft esou wäit, datt een Kräid an der Dous ka kafen. Dat gesäit dann baal esou aus wéi Spraydouse fir Graffiten ze molen.

Eis Jonker hunn sech also mat der Kräid an der Dous op de Kierchbierg gemaach. An wat dunn geschitt ass, hutt dir sécher matkritt. Et stoung nämlech am Policebulletin. An wat am Policebulletin steet, zielen se kuerz drop um RTL, et steet an all Zeitung an den Essentiel probéiert eng méiglechst sexualiséiert Headline domadder ze bastelen. Kaum haten déi Jonk Aktiounskënschtler*innen e puer Wierder mat Kräid aus der Dous op de Buedem gesprutzt, koum d’Police. Net een Auto, mä der direkt fennef. Mir erënneren eis: Dat lei war an der Nuecht vum 22. op 23. Juni, wou meechtens dach e bëssi eppes lass ass an der Stad.

D’Police huet d’Pomjeen geruff, well d’Informatioun, datt de Buedem Moies fréi vun der Gemeng géif gebotzt ginn, net duer gaangen ass, fir de Ruff vum Land, dee vun e puer Wierder schonn elle futti gaangen ass, erëm hinzekréien. D’Pompjeen hunn dunn angeblech 3000 Liter Waasser an een chemescht Mëttel fir Ueleg wech ze kréie benotzt. An den Trottoir futti gemaach.

D’Police huet dunn an hire Bulletin geschriwwen, si hätt d’Eier vum Land viru lénke Graffiti-Sprayerten beschützt. D’Press huet dat analyséiert (CONTROL C) an dunn kompetent Berichter doriwwer geschriwwen (CONTROL V). Et ass kengem opgefall, datt traditionelle Graffiti guer net mat Waasser fort geet, datt d’Police an hirem Bulletin erstaunlech vill iwwert Ziedele schreift, wou déi gesprayten „Parolen“ drop stoungen. Et huet sech och kee gefrot, op dat mat der politescher Konschtaktioun UM VIROWEND VU NATIONALFEIERDAG vläit jo dach e bëssi méi wei nëmmen eng Ausried hätt kéinte sinn.

Et ass fir ze katzen.

A genee dat ass de Problem. Zu Lëtzebuerg mécht Press sou, wéi wann déi ganzen Zäit soss näischt géif passéiere wéi „faits divers“ an Autosaccidenter. D’Police schreiwt de Bulletin, deen ass – wéi mir lo matkritt hunn – heiansdo falsch, ëmmer an engem schrecklechen, zweedäitegen, mëssverständlechem Däitsch geschriwwen an en huet déi selwecht Problemer wéi d’Police am allgemengen: net onbedéngt déi progressiivst Institutioun. Wann een zum Beispill iwwer internaliséierte Rassismus nodenkt, da ginn et do sécherlech gewëss Ausdréck, déi Police benotzt, déi d’Press dann iwwerhëlt an déi dann dozou féieren, datt d’Leit mengen, et géif am Grand-Duché vu kriminellen Auslänner_innen nëmmen esou wimmelen. An dat ass bei PriceWaterhouseCoopers vläit esou, mä dofir ass jo nach laang net all Auslänner_in kriminell.

Richtung 22, vun deenen e puer Leit am „Kommando Kreidistan“, wéi sech déi Jonk politesch Kënschtler*innen genannt hunn, waren, huet déi ganz Geschicht dunn opgeklärt. Verschidde Medien hunn zeréckgeruddert, anerer hunn d’Geschicht nach méi absurd gemaach. Esou huet zum beispiel DÄIN HITRADIO FIR LETZEBUERG behaapt, Richtung22 hätt behaapt, d’Police hätt sech fir den Asatz entschëllegt. DÄIN HITRADIO FIR LETZEBUERG huet dunn bei der Police nogefrot. Déi huet sech natierlech net fir den Asatz entschëllegt gehat, wat DENGEM HITRADIO FIR LETZEBUERG natierlech eng extra Meldung wäert war. Blöd just: Richtung22 huet am Fong just gesot, um Policebüro hätt sech een Beamte fir den schlechte Policebulletin entschëllegt. Esou kann Journalismus och fonktionéieren: Et leet een Leit eng absurd Behaaptung an de Mond, hëlt sech eng Stellungnahm dozou vun der Police an schonn huet een eng knackeg sexy Headline.

Et ass fir ze katzen.

Ech kéint lo nach vill soen zu dem, wéi mat dem Thema ëmgaangen ass, wéi helleg den Trottoir virun der Philharmonie ass an datt zum Beispill keen sech doriwwer opgereegt huet, datt d’Arméi no der Militärparad een Accident mat dräi Dingoen hat. Jo, eis Arméi ass anscheinend esou fit an trainéiert, datt se mat hire Militärautoen net emol vun der Stad op Diekrech fuere kann, ouni am Tunnel een Accident ze bauen. Et kann een just hoffen, datt de nächste Krich erëm an enger Géigend mat Wüst ass, do ass et dann éischter schwiereg an eppes ze rennen.

Mä de sprangenden Punkt ass jo deen: Eng wierklech déifgräifend Diskussioun iwwert den Begrëff vun der Natioun huet gefehlt. Jo, natierlech ass dat journalistesch Dagesgeschäft haart an et läit vläit net um perséinlechen Interessi vun de Leit, déi de Police Bulletin copypasten, mä un de Strukturen, an deenen se schaffe mussen. D’Vertrauen zwësche Press a Police wier gutt, heescht et. Dat ass jo schéin a gutt, mä wa Graffiti mat Waasser of geet, misst een sech trotzdem Froe stellen, als Journalist_in.

Mä lo kéint een da jo awer emol eppes iwwert déi Natiounen an Identitéitsfroen schreiwen, amplaz tausend Fotoe vun der Militärparad ze maachen. Well ganz éierlech: Eng Reportage doriwwer, datt d’Police een Hond, Pony, Iesel oder soss een Déier erëm agefaangen huet, kéint een och mol sträichen an amplaz eppes iwwert déi komesch Natioun schreiwen. Well heiansdo muss een wierklech just wëllen.

photo cc-by-nc
Wolfram Burner