Angscht a Schrecke mat deenen “dommen” Rietsen

Säit Wochen ass a villen europäeschen Länner d’Thema vun den Asylsichenden op der Daagesuerdnung. An Italien, Spuenien a Griicheland kommen bal all Dag honnerte vu Leit un, déi virun Krich an Terror flüchten an dobäi keen aneren Auswee gesinn, wéi sech op déi doudgeféierlech Rees iwwert Mëttelmier ze maachen. Zu Calais a Frankräich versichen se, duerch den Tunnel an England ze gelaangen, an Éisterräich ass d’Lager zu Traiskirchen esou iwwerfëllt, datt Amnesty International eng Enquete mécht an an Däitschland brennt well all Dag een Asylheem.

Facebook ass voll mat friemefeindlechen Kommentaren. Rietser, Neonazien an selwerernannt “besuergt Bierger” maachen on- an offline mobil géint Mënschen, déi virun Biergerkrich an Terror geflücht sinn an ëm Asyl usichen. Et ass fir ze katzen. Et ass schlëmm, dat deet wéi ze gesinn an et ass nëmmen méi wéi richteg, datt een net nëmmen déi Leit a Schutz hëllt, déi dofir an Europa komm sinn, mä sech och deenen entgéintstellt, déi näischt aneres wéi Haass, Rassismus an eng komesch Zort vu Näid séinen wëllen. Esou kann ech och just all deene Leit applaudéieren, déi dëse Weekend zu Tréier géint d’NPD demonstréiere gaange sinn, déi zu ganzer 25 eng Demonstratioun ënnert dem Motto “Deutschland den Deutschen” duerchféiere wollten.

Schonns hiren Opruff war an d’Box gaangen. An engem Video, wou 4 Hären ze gesinn waren, déi mat Fakelen hantéiert an wéineg gekonnt hier rassistesch Parolen an d’Kamera gebillt hunn, hate se probéiert fir hir Demonstratioun ze mobiliséieren. De Video ass viral gaangen: Mä net aus dem uviséierten Ziel, mä well een esou peinlech war. Neonazien, déi sech lächerlech maachen, dat verbreed sech natierlech séier.

An gären ass dann dovunner riets, datt déi Hären net immens intelligent wieren. An déi selwecht Kerb huet och den Farin Urlaub vun der däitscher “Pop”grupp “die Ärtze” an engem Interview geschlo: Esou laang wéi et nach Leit géif ginn, déi näischt kéinten, näischt geleescht hätten an näischt wéissten an dofir op hiert Land stolz misste sinn, esou laang géif et nach Alldagsrassismus ginn.

Ech hu bëssi meng Problemer mat där Idee, datt riets “domm” ass. Net nëmmen, well dat oft sou en “Unterschichten-Bashing” ass. Mä och, well et vill “gescheit”, studéiert Leit ginn, déi riets Usiichten hunn. An vläit ass den (verbalen!) Brachialrassismus vun NPD-Neonazien wéineger geféierlech wéi een vun der “gesellschaftlecher Mëtt”, déi bei brennenden Asylheemer vun “Asylkritiker” amplaz vun Terroriste schwätzt.

Rassismus ass keen Problem, deen eng bestëmmt Schicht oder Klass vun eiser Gesellschaft betrëfft. Am Géigendeel: Mir wuessen all an engem rassisteschen System op. Vill rassistesch oder friemefeindlech Denkmustern hale mir also vir normal, well mir et esou geléiert hunn. Et ass awer keen groussen Effort, fir déi grondleeënd Wourecht, datt all Mënsch déi selwecht Rechter huet, ze erkennen. An d’Recht op Asyl ass een vun deene Rechter. Ween mengt, dat wier just een Problem vun der sougenannter Ënnerschicht, deen läit falsch: Enorm vill Rietsextremer kommen aus dem akademeschen Milieu an vernetzen sech och do.

Ech denken datt all Mënsch zur Mënschlechkeet fäheg ass, egal wéi “domm” oder gescheit en ass. Et hëlleft näischt, sech selwer besser ze fillen, well een vill Bildung huet an ze mengen, et wier een doduerch immun fir Rassismus. Et hëlleft iwwregens och wéineg, de Mantra “ech si keen Rassist” stänneg opzesoen, well doduerch ginn rassistesch oder auslännerfeindlech Handlungen net manner rassistesch. Wichteg wier et, ze probéieren, Weeër ze fannen wéi een progressiv oder lénk Positiounen zu Themen wéi Asyl kann erklären, esou datt jiddereen se kann verstoen.

Een wéideren interesanten Artikel iwwert déi ékonomesch Fakteuren vun Rasismus an “Ënnerschicht” fannt dir héi.

Foto mit freundlicher Genehmigung von lavendelblueten.tumblr.com