Angscht a Schrecken am Summerlach 2015

Ech hunn schonn eng Kéier op dëser Plaz gesot, datt Summerlach keng Plaz oder Zäit ass, mä een Zoustand. Een, dee vun de Medie méi oder manner bewosst erbäigefouert gëtt. Et ginn zu all Joereszäite Lächer am Bueden, déi sech duerch geologesch oder pedologesch Begebenheeten opdinn, op Englesch nennt een dat “sinkhole”. Komescherweis gëtt bal nëmmen am Summer doriwwer bericht. An och soss ginn da gäre speziell “Summer-Serien” agefouert, wou zum Beispill déi klengsten Uertschaften aus dem Land virgestallt oder méi oder manner onbedeitend Politiker_inne mat däämlechen “x oder y”-Froe genervt ginn.

Dat ass alles näischt neies, a wahrscheinlech läit et och bëssi um Konsumverhale vum Publik an dem Onwëlle vun de sougenannten “Herausgeber” vun de Medien, fir méi a besser bezuelte Leit anzestellen, déi besser recherchéierte Conentu liwweren. Et ass zimlech einfach, sech doriwwer opzereegen, mä méi schwiereg, et besser ze maachen. An engem Fräiwëllegenbetrieb wéi dem ARA bleift engem net vill méi, wéi op mannst e puer Denkustéiss ze ginn.

Mir befannen eis also am Zoustand vum Summerlach. An do kënnt et da genee richteg, datt ee berühmten Affekot een oppe Bréif un déi Stater Buergermeeschtesch schreift an sech doranner gutt opreegt an all méiglech rassistesch Beleidegungen lassléisst. Dat ass immens, well lo kënnen déi eng dem Maître Recht ginn, déi aner kënne soen, datt en esou Ausdréck net hätt dierfe benotzen, anerer kënne soen datt et e Problem géif gi mä dat esou een oppene Bréif net de richtege Wee wier, et cetera et cetera.
Dann däerf de Maître och nach eng Kéier soen, hie wier awer kee Rassist an dofir kéinten seng Aussoen och op kee Fall rassistesch sinn (Spoiler alert: Dach, dat geet!). An esou fëllen sech d’Säiten, an d’Kommentaren an de sozialen Netzwierker ginn och voll lass. Et ass alles e bëssi fir ze katzen.

Hu mir do net eppes vergiess?

Amplaz datt een an der selbstreferenzieller Blos iwwert de Maître a seng Aussoen, d’Reaktioun vun der Stad Lëtzebuerg dorobber an de Kommentar iwwert de Kommentar schwëmmt, hätt ee kéinten en Rëtsch Saache maachen:
-Et hätt ee kéinte mat deene Betraffenen Roma a Sinti schwätzen
-Et hätt ee kéinte probéiere rausfannen ob et wierklech sougenannt “Bettlerbanden” gëtt oder ob dat net éischter eng Erfindung vu voultebienmäpoufftepas-FPÖ-Copycats ass, déi Haass séine wëllen.
-Et hätt ee kéinte mat Leit schwätzen, déi Antiziganismus, also Rassismus deen sech speziell géint Roma a Sinti riicht, wëssenschaftlech analyséieren.

Dat wieren alles Méiglechkeete gewiescht, fir dat metaphorescht Summerlach ze fëllen. Mä et schéngt méi bequem ze sinn, Kommentarer doriwwer ze schreiwen, esou wéi ech et och gemaach hunn. Ech hunn awer op mannst d’Excuse, datt ech dat léiden just fräiwëlleg an ouni Bezuelung maachen a wéineg Ressourcen zur Verfügung hunn.

Soss war et eng flott Woch fir Angscht a Schrecken zu Lëtzebuerg. Déi riets Haasssäit “I love main Lëtzebuerg” ass elo Fan vun dësem Podcast an huet mech als “Antifa-Kläpper” bezeechent an war bëssi konfuséiert doriwwer, wou ech da lo géif studéieren. Och déi néi-riets “Identitär Beweegung”, déi an der lëtzebuergescher Versioun ee Logo huet, dat nawell un een Parksverbuedsschëld erënnert, huet mech als “fanatesche Member” vun “der Antifa” identifizéiert. Witzegerwéis op enger Säit, déi virgëtt, géint Mobbing a Stalking ze sinn. Mä wéi ech schonn d’läscht Woch sot: Dat déi Leit sech esou behuelen, wéi wann se domm wieren, ass net d’Kritik un hinnen, déi bezitt sech op hier mënschenveruechtend Ideologie.

Zum Schluss dann awer nach eng gutt Noriicht: Um e-Lake huet d’Police erëm Drogekontrolle gemaach an dobäi ee Grupp vu Leit erwëscht, déi ee Joint gefëmmt hunn. De Krich géint d’Drogen ass domadder also bal gewonnen …

Photo by Scott Ehardt

NB: Dës Episod ass eng Liveopnahm an dowéinst vläit net op all Platz esou propper wéi se si kéint. Sorry.