Angscht a Schrecke mat Refugees

Et ass dat Thema, datt Noriichte säit dem Summer dominéiert: Leit, déi viru Krich a Verfolgung flüchten. An dat zu Fouss. An Europa.

Iert mir Biller vun den Garen zu Budapest, Wien oder München gesinn hunn, wou déi Leit net an den Zuch gelooss gi respektiv frëndlech empfaange gi sinn, hu mir aner Biller gesinn. Biller vun doudege Kanner un der griichescher Côte, Biller vun engem Camion iergendwou op enger éisterräichescher Landstrooss, an deem iwwer 70 Leit erstéckt sinn. Dat war natierlech ëmmer d‘Schold vun deene béise Schlepper an ni dovunner, datt et einfach kaum legal Méiglechkeet gëtt, an d‘EU ze kommen, wann ee flücht.

Dunn sinn d‘Leit eben zu Fouss komm. Wisou eigentlech? De Krich an Syrien leeft jo scho säit e puer Joer, DAESH ass och net grad den allernéisten Phänomen. Tatsächlech ware vill Leit an den Camps direkt un der syrescher Grenz, zum Beispill am Libanon. 1,8 Millioune Refugees sinn am Libanon. Do muss een, genee wéi an der Tierkei, zum Deel awer Joeren op een Datum fir eng Asylprozedur waarden. Währendem hat den World Food Programm vun er UN keng Sue méi. Tjo. Da setzen d‘Leit an den sougenannten „sécheren Drëttlänner“, hunn keen Asylstatus, däerfen net schaffe goen, kréie keng Sozialhëllef an souguer vun der UN kënnt näischt méi z‘iessen. Wat géift dir maachen?

Mä jo, Lëtzebuerg ass am Fong mam gudde Beispill vir gaangen an huet sech Refugees sur Place ausgesicht an se mam Fliger an de Grand-Duché bruecht. Dat gëtt eng bonne note, obwuel dat komplett absurd ass. Mir liewen am 21. Joerhonnert. An Europa ginn et Airlines, déi een Ticket fir een Euro ubidden. An da loosse mir Leit mat Schlauchbooter, zu 70 an Camionen oder am beschte Fall zu Fouss oder mam Zuch an Europa areesen? Geet et eis nach gutt?

Lo hunn sech de Weekend Refugees, déi zu Lëtzebuerg sinn, bedankt. Si hunn op der Plëss Kartongshäerzer verdeelt, ob deenen „Refugees love Luxembourg“ ze liese war. Als Merci fir de Merci gëtt dann an den Kommentarspalten vu groussen Onlinemedien an op Facebook vun „emotionaler Erpressung“ geschwat. An dovunner, datt anscheinend 60 Prozent vun de Refugees an Europa iwwerhaapt keen Urecht op Asyl hätten.

Dat stëmmt sou iwwregens net. De Frans Timmermans, den hollänneschen EU-Kommissar, huet Enn Januar an engem Radiointerview gesot, datt 60 Prozent vun de Refugees, déi am Dezember 2015 an Europa komm sinn, aus Länner kéimen, aus deenen een keen Asyl géif kréien. Dat ass eng interessant Ausso. Engersäits well Leit, déi viru Krich fléien, an der Reegel keen Asylstatus kréien, mä den sougenannten „subsituären Schutz“. Anersäits kann een den Asylstatus net um Pass ofliesen, mä et muss eng Prozedur ageleet ginn, an där gepréift gëtt, ob d‘Leit an hirer Heemecht wierklech verfollegt ginn. Dat ass net ëmmer einfach. Stellt iech vir, dir sidd homo- oder bisexuell an engem Land, wou Homo- a Bisexueller verfollegt ginn. Dir géift wahrscheinlech keng Beweiser fir är sexuell Orientéierung sammelen, oder? Genee déi Beweiser sollt dir awer da liwweren, fir Asyl ze kréien. Et ass fir ze katzen.

Absurderweis kierze mir déi ganz Asylprozedur an der EU gären of an soen „Dat dote Land ass sécher, déi schécke mir dohinner zeréck“. Verschidde vun deene sougenannten „sécheren Drëttlänner“ sinn sou sécher, datt sech souguer déi lëtzebuergesch Arméi dohinner traut.

Mä zeréck zu deene 60 Prozent: Jo, et kommen am Wanter méi Leit aus den failed States an Nordafrika, déi aus dem arabesche Fréijoer zeréckbliwe sinn wéi aus Syrien. Dat kéint um Wierder léien. An wann och net: Wat soll dat sinn, een Wirtschaftsflüchtling? De flücht jo net virun der Wirtschaft, mä en flücht well een keng aner Perspektiv huet. Ween mat engem Schlauchboot iwwert d‘Mëttelmier fiert, mécht dat net, well en de lëtzebuergesche RMG fir sou eng genial Zukunftsperspektiv hält. Mä meeschtens dowéinst, well en wierklech keen anere Choix gesäit, fir sech an seng Famill ze ernähren, wéi an Europa ze kommen an an Italien fir een Hongerloun Orangen ze plécken. Jo, och déi, déi dir de Moien am Cactus kaaft hutt.

Mä nach eng Kéier zur Erënnerung: De Frans Timmermans huet vum Dezember 2015 geschwat, net vum ganze Joer. D‘Zuele vu Frontex an dem UNHCR bestätegen dat net. Déi gi vu 39 Prozent Leit aus Syrien an 24 Prozent Leit aus dem Irak an 24 Prozent aus Afghanistan aus, déi iwwert Mier an Europa komm sinn. Dat wieren 90 Prozent Leit aus Länner, an deene Krich oder krichsähnlech Zoustänn herrschen. Op engem Pressebriefing huet d‘EU-Kommissioun d‘Zuele vum Timmermanns awer bestätegt. Schonn interessant, wann een senger eegener militärescher Grenzsécherungsagentur net méi nolauschtert.

Iwwregens ass jo grad d‘Situatioun zwëschent der Tierkei an Griicheland am Spotlight. Dofir vläit een interessante Fakt: Enn Januar war et sou, datt Griicheland am Cader vum „Civil Protection“ Mechanismus verschiddent Material ugefrot huet, fir den Refugees sur Place hëllefen ze kënnen. Griicheland krut keng vun den ugefroten Ambulanzen, Autoen oder Booter, mä awer 90 vun 100 ugefroten Toiletten.

D‘EU kann iwwregens net vill anescht maachen, wéi d‘Grenzen ze schützen. Asylugeleeënheeten sinn Ugeleeënheete vun den eenzele Memberstaten. Wann déi sech net dorobber eenegen, d‘Refugees besser ze verdeelen – da wieren et nämlech fir kee vill – wäert dat och net geschéien. An Leit, déi viru Krich flüchten, virzewerfen, datt si dohinner ginn, wou se gutt empfaange ginn an Chance op Asyl oder Schutz hunn, kann een wuel net wierklech. Et sief dann, et huet een keen Häerz oder war scho ëmmer rassistesch.

An wéi wann dat ganzt net genuch fir ze katze wier, ginn et nieft deene Leit, déi op Pabéierhärzer mat de Wieder „dat ass emotional Epressung“ äntwerten och nach eis gewielte Volleksvertrieder, déi intelligent Léisunge virschloen. De Laurent Mosar, dee mol Chamberspräsident war an elo fir d‘CSV mat sengem Hënner dofir suergt, datt d‘Oppositiounsbänk net kal gëtt, huet alt erëm eng Kéier op twitter virgeschloen, datt Saudi-Arabien jo mol gefällegst e puer dausend Refugees sollt ophuelen.E puer Deeg drop, nämlech gëschter Sonnden, huet de gudde Mann dann all d‘Affer vun der saudescher Gottesdikatur an seng Gebieder ageschloss.


An et ass jo kloer: Wann ech virun DAESH flüchten, déi eng theokratesch Dikatur opriichte wëllen, maachen ech dat am beschten an eng theokratesch Dikatur. Den Här Mosar hätt och einfach kënne soen: „Ech well net, datt Leit mat bronger Haut op Lëtzebuerg kommen“. Dat wier op mannst manner hypokrit gewiescht.

Mä et geet och anescht. Et gëtt eng Grupp vu Refugees, do stéiert et keen, datt se aus wirtschaftleche Grënn op Lëtzebuerg kommen. Do héiert een och zu Mamer kee Mucks, wann se eppes vum Staat opgebaut kréien. Dir kënnt iech et sécher schonn denken: et geet ëm d‘Stéierflüchtlingen! IKEA, déi jo net hunn dierfen zu Grass bei Stengefort bauen, mä eben e puer honnert Meter op der belscher Säit vun der Grenz hiert Miwwelgeschäft opgemaach hunn, spueren an Europa ronn eng Milliard Euro Stéieren. Eng Bréifkëscht hunn se nämlech dierfen opbauen, an eng firmenintern Bank souwisou. Do seet dann och kee méi eppes vun „emotionaler Erpressung“ oder schwätzt dovunner, datt IKEA sech hire Stéierruling gefällegst an Saudi-Arabien siche sollt goen. Ass Schweden ieren kee séchert Drëttland?

Mä jo, och dat musse mir eis net méi laang ulauschteren. D‘Reegele gi bëssi méi streng gemaach, da kann een nach méi haart soen datt jo näischt illegales dobäi gewiescht wier. An da ginn et jo nach genuch aner Méiglechkeeten, fir sougenannt Souveränitéitsnischen opzemaachen an auszenotzen. Et kéint een d‘Reegele fir ongewéinlech Investissementer wéi Wäin, Konscht oder Futtballspiller änneren. Oder et mécht een ganz nei Nischen op. Zum Beispill beim Astroid-Mining. Soulaang op deene keng Aliens wunnen, déi da gären an een Asylcontainer op Mamer komme géifen, ass alles d‘accord.

Photo CC-BY Meabh Smith/Trócaire

Dir huet dës Episod gefall? Dann hëllef mat se ze verbreeden! Du kanns dës Buttons dofir benotzen: