Angscht a Schrecken am Panamakanal

Et ass alt erëm eng Kéier sou wäit. Ee grousse Leak iwwer Bréifkëschtefirmaen ass gëschter verëffentlecht ginn. D‘Panama Papers, sou huet den ICIJ, den „International Consortium of Investigative Journalists“ dëse Leak genannt, ass bis elo de gréisste Leak vun der Geschicht. Kuerz zesummegefaasst: de Leak kënnt aus dem Cabinet „Mossack Fonseca“ mat Setz am Panama. An den Dokumenter ass ze gesinn, wéi Räicher, Politiker*innen an Sportler*innen hir Suen an Bréifkëschtefirmaen investéieren, dacks mam Hannergedanke fir d‘Sue virum Fiskus ze verstoppen. An obwuel et haaptsächlech ëm Bréifkëschtefirmaen am Panama geet, ass Lëtzebuerg natierlech och involvéiert.

Ënnert deene Banken, déi am meeschte Bréifkëschtefirmaen am Panama fir hir Clienten ugefroot hunn, sinn direkt véier lëtzebuergesch Banken an den Top Ten. Ganz uewen op där Lëscht ass d‘Experta, eng Filial vun der BIL. Déi gehéiert iwwregens zanter 2011 zu 90 Prozent zu „Precision Capital“, hannert deene Leit aus dem Qatar stinn.

Op dem Site vum ICIJ iwwert Panama Papers fënnt een och eng Lëscht mat mächtege Persounen, déi hir Suen a Bréifkëschtefirmaen investéieren. Dorënner sinn och zwee Qatari-en, nämlech den fréiere Premier Hamad bin Jassim bin Jaber Al Thani an den fréieren Emir Scheich Hamad bin Khalifa Al Thani. Béid hunn Bréifkëschtefirmae mat Bankkontoen zu Lëtzebuerg ënnerhalen, ënnert anerem fir mat deenen an Lëtzebuergesch Firmen ze investéieren. Ech erënneren un dëser Plaz dorunner, datt déi deemoleg lëtzebuergesch Regierung ganz staark an dës Deals wéi zum Beispill mat der BIL oder dee geplatzte mat der Cargolux, involvéiert war.

Och den Kinnek Salman vu Saudi-Arabien huet eng – ongekläerte – Roll an enger lëtzebuergescher Firma (Safason Corporation SPF S.A.), déi Parten an zwou Bréifkëschtefirmaen op de British Virign Islands hat, mat deene Luxuswunnengen zu London kaaft gi sinn.

An d‘Lëscht geet weider: de Sekretär vum Kinnek vum Marokko, den Algereschen Industrieminister, den islännesche Finanzminister, déi aktuell islännesch Inneministerin, mä awer och Leit aus dem russesche President Putin sengem Frëndeskrees. Bei sou villen héijen Déieren aus der ganzer Welt freet een sech wierklech, wisou Lëtzebuerg een Problem mam Nationbranding sollt hunn: Mir hunn dach iwwerall Kolleg*innen!

Lëtzebuerg schéngt also d‘Roll vum Panamakanal an der internationaler Finanzwelt ze spillen: Et hëlt een een metaphorescht Schëff, fëllt et mat Souen an schéckt et duerch de Lëtzebuerg-Kanal, wou et da schéi propper an Firmen an diverse Steierparadäiser verdeelt gëtt.

Natierlech, an de betount och den ICIJ ëmmer erëm op sengem Site, muss eng Bréifkëschtefirma näischt illegales sinn. Mä an deene meeschte Fäll dierft Ziel einfach sinn, Geld virun den Autoritéiten ze verstoppen. Sief datt, well een keng Stéiere well bezuelen oder well déi Suen aus net esou ganz legale Quelle wéi Korruptioun, Drogenhandel, Krichsverbriechen oder anerer organiséierter Kriminalitéit kommen. Bis esou eppes bewisen ass, gëllt natierlech d‘Onscholdsvermutung. Wat bedeit de Leak dann elo fir Lëtzebuerg? Et ass keng grouss Iwwerraschung, datt eis Banken an dem Leak optauchen. Déi sech jo an deene läschte Joeren op d‘Emgarnen vun „High-net-worth individuals“ an den „Ultra High-net-worth individuals“ spezialiséiert. An déi hunn ganz speziell Bedierfnesser, zum Beispill muss Verméigen och verstoppt ginn, wann eng Scheedung an d‘Haus steet. Sou huet déi lëtzebuergesch Filial vu Mossack Fonseca Emaile geschriwwen, wou et ëm een Hollänner geet, dee freet, op een eng „vintage foundation“ sollt benotzen, fir d‘Souen vu senger Soon-to-be Ex-Fra ze verstoppen.

Ass sou eppes illegal? Wahrscheinlech net.
Ass et ethesch a moralesch verwerflech? Jo, zimlech. Datt Lëtzebuerg matzen dran an den dreckege Geschäfter vun deene Leit, déi méiglechst keng Stéiere bezuele wëllen, ass net nei. Mir kruten et lo just – nach eng Kéier – schwaarz op wäiss presentéiert. Et wäert wahrscheinlech wéineg Konsequenze ginn, well wahrscheinlech alt erëm „näischt illegal“ war.

Eng Konsequenz kéint awer sinn, datt zu Lëtzebuerg géint een weidere Whistleblower ermëttelt gëtt. D‘läscht Joer am Februar hat déi däitsch Regierung Informatioune vun engem eemolegen Employé vu Mossack Fonesca Lëtzebuerg kaaft, wat zu Pecrecitiounen bei Clientë vun der Commerzbank gefouert hat. Et ass also net sou onwahrscheinlech, datt den Whisteblower erëm zu Lëtzebuerg geschafft huet. Mir hunn nach kee Gesetz, datt Whistleblower schützt an den Antoine Deltour, dee fir LuxLeaks verantwortlech ass, steet geschwënn viru Gericht an muss eng Prisongsstrof vu bis zu 5 Joer an iwwert eng Millioun Geldstrof fäerten.

Fazit: Mir stiechen am Bulli, mä et schéngt eis egal ze sinn. Ëmmerhi sinn déi Leit, déi ënnert de Konsequenze vu Bréifkëschtefirmaen am Panama leiden, wäit fort. Op mannst muss sech elo kee méi Gedanken iwwert rietsen an rassisteschen Terror zu Wäisswampech maachen. Do gouf een Container fir Refugees mat Graffiti besprayt a versicht, ee Féier ze leeën. Do kënnt een grousse Leak, bei dem Lëtzebuerg mol ausnahmsweis net den Oberbösewicht ass, genee richteg.

Dës Episod vun Angscht a Schrecken zu Lëtzebuerg gouf iech präsentéiert vun FinFlatShare! FinFlatShare léisst direkt zwee lëtzebuergesch Problemer! Engersäits hu mir een Wunnengsmaart, dee keen normale Mensch méi bezuele kann. An anersäits gëtt den Drock vun der béiser EU an der béiser béiser OECD ëmmer méi Grouss, datt sougenannte Bréifkëschtefirmaen eng “Substanz” sollten hunn. D’lëtzebuergesch Léisung: Mir bréngen déi Leit zesummen! Du keefs zesumme mat der Panama Financial Holding International Luxembourg. SA een Haus an gëss Employé. Du kriss kee Loun, mä Panama Financial Holding International Luxembourg. SA bezillt d’Halschent vun dengem Prêt an kritt dofir eng shiny Bréifkëscht, déi all Dag een eidel mécht.
Dat ass FinFlatShare! FinFatShare ass een Produit made in Luxembourg.
Lëtzebuerg: oppen, dynamesch an zouverlässeg!

Dir huet dës Episod gefall? Dann hëllef mat se ze verbreeden! Du kanns dës Buttons dofir benotzen: