Angscht a Schrecke mam Donald

Ee Mount ass en elo am Amt, an et fillt sech un, wéi wann et schonn een Joer wier. Oder dräi. Riets ass natierlech vum Donald Trump, dee Präsident vun den USA ginn ass. Et ass ëmmer nach zimlech surreal, datt dat geschitt ass. Mä ech wëll haut net iwwert seng honnerte Skandaler, seng absurd Optrëtter virun der Press an seng eekleg, sexistesch a rassistesch Executive Orders schwätzen. Net nëmmen, well et onméiglech ass, dat alles auserneen ze huelen, mä och, well et Leit ginn, déi dat wesentlech besser kënne wéi ech.

Wouriwwer ech dës Woch wëll schwätzen ass dem Ëmgäng, deen mir an Europa mam Donald Trump hunn. Den Trump ass sou bëssi de Buh-Mann ginn, mat deem een aner Politiker_inne gäre vergläicht. Dat ka praktesch sinn, well een dorunner gesäit, datt sech verschidde Saache guer net esou staark ënnerscheeden. Sou zum Beispill am Fall „Schooleaks“, wou zwee Minister_inne vun der DP sech ëffentlech op social media iwwert dat Uerteel opgereegt hunn – ganz ähnlech wéi den Trump, dee vu „so-called judges“ geschwat huet.

Zwou Falen mam Donald Trump

Anerersäits dierfe mir elo awer och net an de Modus verfalen, deen ënnert dem George Bush normal war. Deemols war de Motto „déi blöd Amien an hire blöde Präsident“. Do sinn zwou Falen dran:

Déi éischt Fal ass d‘Argument mat der Dommheet, oder esouguer der geeschteger Krankheet. Et kann een sou Diagnosen net vu wäitem stellen, dat heescht ouni een Dokter, deen den Donald Trump vun noen ënnersicht huet, si sämtlech Spekulatiounen iwwert seng geeschteg Gesondheet wäertlos. Do kënnt da nach dobäi, datt et iwwerhaapt net de Punkt ass, op den Trump krank oder domm ass: Hien setzt rassistesch a sexistesch Politiken duerch. Wann iech no engem Mount Trump wierklech keng aner Kritik afält wéi „deen ass domm“, géif ech iech roden, är Prioritéiten ze checken. Well och wann den Trump den intelligentste Mann vun der Welt wier a just a Vermooss géif schwätzen an twitteren, seng Aussoen an seng Aktioune géifen doduerch net manner rassistesch a sexistesch an domadder kritséierenswäert ginn.

Déi zweet Fal ass déi, sech op d‘USA als einfacht Feinbild ze konzentréieren. Natierlech ass et wichteg, datt mir eis solidaresch erkläre mat deenen Amerikaner_innen, déi sech elo „the Resistance“ nennen an zum Beispill Protester géint de „Muslim ban“ organiséiert hunn. Mä mir däerfen dobäi Lëtzebuerg an Europa net vergiessen. Et ass einfach, dem Trump seng Pläng fir eng Mauer un der Grenz zu Mexiko ze kritiséieren an dobäi ze vergiessen, wéi mäerderesch a rassistesch déi europäesch Grenzpolitik ass. Mir kréien iwwregens eis eege Mauer: un der südlecher Grenz vu Libyen gëtt mat EU-Suen d‘Grenz verstäerkt, fir datt manner Migrant_inne Richtung Europa kënne kommen. Dat hunn eis geeschteg gesond Politiker_inne mat normale Frisuren zu Malta entscheet.

Et gëllt also, sech net vum Donald Trump sengem Ausgesinn oder senger Manéier ze schwätzen, oflenken ze loossen. Et gëllt, hie fir déi richteg Saachen ze kritiséieren. An et gëllt bei deene ganze Push-Notifications, déi Moies um Handy liichten an eis Schreckensmeldungen aus den USA bréngen de Rietsruck an Europa net ze vergiessen.
Just well et hei e bëssi manner schlëmm ausgesäit, heescht dat nach laang net, datt et vill besser ass.

Dir huet dës Episod gefall? Dann hëllef mat, se ze verbreeden! Du kanns dës Buttons dofir benotzen: