Keng Angscht a kee Schrecke mat der Atombomm

Dëst ass e Beitrag fir de Concours „Lëtzebuerg sicht den dommste Radioskommentar“. Nodeems ufanks der Woch esouwuel de RTL mat enger fakten- an argumentatiounsfräie „carte blanche“ iwwert Feminismus wéi och den 100,7 mat engem zyneschen an onkohärente „fräie Mikro“ iwwert „Uber“ d‘Lat ganz héich geluecht hunn, well ech dann awer och mäi Gléck probéieren. Dofir schwätze mir haut iwwert d‘Atombomm.

D‘Welt steet am Moment jo e bëssi op der Kopp. De Brexit, den Donald Trump, d‘Spannunge mat Russland, nationalistesch Tendenzen a ganz Europa an elo och nach de Virschlag vun der Kommissioun, een Europa vun de „puer Vitessen“ ze maachen. Et gesäit also dono aus, wéi wa Lëtzebuerg deemnächst op sech eleng gestallt wier. Oder op mannst esou, wéi wa mir deemnächst méi Sue fir eis Verteidegung missten ausginn. Dem Trump säi Vizepräsident, den homofeindleche Mike Pence, ass do nämlech mam Donald op enger Linn. An well déi ganz Welt ausernee fält, ass et vläicht guer keng esou eng schlecht Iddi, opzerëschten.

Mä do gëtt et ee klenge Problem. Eis Arméi ass nämlech bëssi eng kleng Trupp. An mir kënne jo net einfach Leit akafen. An iert dir lo denkt „Okee, soll den Etienne eis nach e puer Dingoe kafen“ – mir hunn scho vill ze vill Dingoen. An en plus eng Arméi, déi net onbedéngt Loscht huet, mat dem neie Fliger a Krichsgebidder ze fueren, wéi et bei enger Versammlung vun der respektiver Gewerkschaft ze héiere war. Zwangsrekrutéierung ass natierlech keng Léisung, also musse mir kreativ ginn. Et bréngt jo näischt, just Material ze kafen, fir dat den Donald an de Mike glécklech sinn. Mir géifen eis jo gäre verteidegen. Denkt elo net: „Ween géif Lëtzebuerg dann ugräifen?“ Erënnert dir iech un all déi feig Attacken op Lëtzebuerg an deene leschte Joren? Den ehemolegen däitschen Ausseminister Peer Steinbrück wollt mol d‘Kavallerie op Lëtzebuerg schécken. A net réicht zanter Luxleaks gëtt op eisen aarme Grand-Duché geklappt, wéi wa mir um Elend vun der ganzer Welt Schold wieren! Mir mussen eis also schützen!

Lëtzebuerg brauch eng Atombomm!

A wéi kann een sech schützen, wann ee kleng ass, vill Sue wëll ausginn, keng grouss Arméi huet an net nach 50 Dingoe kafe wëll? Richteg! Et baut een eng Atombomm! Lëtzebuerg brauch eng Atombomm! Da géif sech kee méi trauen, eis ee Steierparadäis ze nennen! Du hues eppes géint eis Rulingen? Dann hues de hoffentlech scho genuch Jod-Tabletten akaaft!

An doduerch, datt mir sou kleng sinn, ass et vill méi schwéier, eis ze treffen! Fir eng lose-lose-Situatioun muss een eis vir d‘éischt emol op der Kaart fannen an et packen, eis net mat Liechtenstein ze verwiesselen!

Atombomme wieren déi ideal Verteidegung fir dat 21. Joerhonnert! Déi ganz Länner ronderëm eis wëllen elo souwisou aus der Atomenergie erausklammen. Mir kënnen deenen einfach ubidden, géint eng kleng Taxe selbstverständlech, de Recycling vun dem ganzen Uran ze erleedegen. A wann d‘Franzouse gewuer ginn, wéi bëlleg mir aus Cattenom Atomsprengkäpp maachen, ass déi gréisste Gefor fir eist Land a fënnef Minutten zou. Sou ökologesch Recycling-Waffen, dat géif esouguer deene Grénge gefalen! Vläicht kann den Tram jo dann och dee weltwäit éischten Tram mat takteschen Atomwaffe sinn. An am Stau kann dann déi nei geschafften Atom-Marine dann dat éischt lëtzebuergescht Atom-Uboot besetzen. Wa mir eng Atombomm hätten, géif och kee méi bezweifelen, datt Lëtzebuergesch eng Sprooch ass an d‘Leit vun Nee2015 mat hire Mannerwäertegkeetskomplexer géifen endlech mol de Baack halen. Och de Verkéiersproblem géif sech einfach a Loft opléisen.

Alles an allem wier e lëtzebuergeschen Atombommeprogramm déi ideal Léisung fir all eis Problemer. Wisou hu mir nach längst net domadder ugefaangen?