Angscht a Schrecke mam Donald

Ee Mount ass en elo am Amt, an et fillt sech un, wéi wann et schonn een Joer wier. Oder dräi. Riets ass natierlech vum Donald Trump, dee Präsident vun den USA ginn ass. Et ass ëmmer nach zimlech surreal, datt dat geschitt ass. Mä ech wëll haut net iwwert seng honnerte Skandaler, seng absurd Optrëtter virun der Press an seng eekleg, sexistesch a rassistesch Executive Orders schwätzen. Net nëmmen, well et onméiglech ass, dat alles auserneen ze huelen, mä och, well et Leit ginn, déi dat wesentlech besser kënne wéi ech.

Wouriwwer ech dës Woch wëll schwätzen ass dem Ëmgäng, deen mir an Europa mam Donald Trump hunn. Den Trump ass sou bëssi de Buh-Mann ginn, mat deem een aner Politiker_inne gäre vergläicht. Dat ka praktesch sinn, well een dorunner gesäit, datt sech verschidde Saache guer net esou staark ënnerscheeden. Sou zum Beispill am Fall „Schooleaks“, wou zwee Minister_inne vun der DP sech ëffentlech op social media iwwert dat Uerteel opgereegt hunn – ganz ähnlech wéi den Trump, dee vu „so-called judges“ geschwat huet. Read More

Angscht a Schrecken mat der Loftqualitéit

Dir hutt et sécher héieren: Nach ni sinn esou schlëmm Loftwäerter zu Lëtzebuerg gemooss ginn! Ass d‘Loftqualitéit dann elo zu Lëtzebuerg esou schlëmm, datt mir eis net méi virun d‘Dir traue sollten? Am Verglach mat Groussstied am europäeschen Ausland sinn d’Wäerter vum Réngstëbs (“Feinstaub” oder PM10) zu Lëtzebuerg net esou schlëmm. Et ass awer net nëmmen de Stëbs, deen bei der Loftqualitéit zielt.

Esou nei ass dat ganzt allerdéngs och net: D’Limite vun 50 µg/m³ an der Dagesmoyenne ass och schonn an der Vergaangenheet iwwerschratt ginn, zum Beispill den 18. März 2016 op der Miessstatioun Bouneweg, oder den 9. Dezember 2016, wou zu Esch souguer 64 µg/m³ am Dagesmëttel gemooss gi sinn. Enn Mäerz 2015 gouf et eng Episod, wou d‘Limite e puer Deeg hannerteneen iwwerschratt ginn sinn.

Loftqualitéit: Screenshot vun Moossstatioun Bouneweg (emwelt.lu)
Screenshot vun der Moossstatioun Bouneweg (emwelt.lu)

Leider ass den Site emwelt.lu, wou een sech d‘Donnéeë vun de Moossstatiounen kann ukucken, net immens séier an huet éischter Problemer, fir längerfristeg Donnéeën ze weisen. Dofir ass et schwéier, erauszefannen wéi d’Situatioun soss war. Leider kann een*t sech déi wichteg Donnéeën och net einfach als Excel eroflueden (et kéint jo nach een*t op d’Iddi kommen, eppes Sënnvolles domadder ze maachen!). Den Open Data-Site data.public.lu huet zwar zanter haut e puer Excels-Fichiern mat Loftwäerter vum September 2016. Dat ass vläicht eréischt den Ufank, mä een konsequenten Monitoring vun der Situatioun gesäit anescht aus. Read More

An d‘Krichsgebitt Afghanistan expulséiert?

Lo sollen et der awer „just“ sechs Persounen sinn, déi an den Afghanistan expulséiert sollte ginn. Den leschten Donneschdeg ass bei de Kolleg_innen vum 100,7 gemellt, datt 20 Leit aus Afghanistan dohinner zeréck sollte geschéckt ginn, well si keen Flüchtlingstatut géife kréien. Lo heescht et vum Ausseministère op eng „Question urgente“ vun déi Lénk, datt „just“ sechs Leit betraff wieren.

Hinnen géif ugebuede ginn, an deenen nächsten 30 Deeg „fräiwëlleg“ zeréck an Afghanistan ze goen. Wat geschitt, wann si dat net maachen, steet net an der Äntwert vum Minister. Mir kënnen eis et awer denken: Déi sechs Afghan_innen mussen dann trotzdem goen. Hannergrond vun dem ganzen ass, datt Afghanistan een Ofkommes mat der Europäescher Unioun geschloss huet. An dem Ofkommes ass et engersäits ëm Entwécklungshëllef gaangen, mä vläicht sollte mir déi éischter – „Erëmopbauhëllef“ nennen. Deen aneren Aspekt vum Ofkommes ass de Retour vun Afghan_innen, fir deen d‘EU een „programm d‘assistance“ opbaue wëll. Dozou gehéiert dann och Iwwerleeung, um Fluchhafen zu Kabul een speziellen Terminal ze bauen, deen just dofir do ass, fir expulséiert Leit ze empfänken. An dat nennt d‘EU dann „Entwécklungshëllef“. Sou zynesch, d‘Investitioun an Infrastruktur, déi just dozou déngt, Leit lass ze ginn, als Hëllef ze verkafen, muss een iwwerhaapt emol sinn.

Mä et kënnt nach besser. An der Äntwert vum Ministère steet am Kontext vun de Mesuren, déi d‘EU an Afghanistan duerchféiere wëll, nach dësen Saz:

„Une attention spéciale est accordée aux personnes vulnérables“

Et wäert sech also speziell ëm Leit gekëmmert ginn, déi an der afghanescher Gesellschaft vulnerabel sinn. Dat sinn an éischter Linn Fraen, Homo- a Bisexueller an Trans Persounen. Oder Leit, déi heterosexuell Handlungen ausserhalb vun engem Mariage duerchféieren. An eng ganz Rëtsch vun ethneschen, reliéisen an politesche Minoritéiten kommen bei déi Opzielung nach dobäi. An et bléift eng ganz grondsätzlech Fro: Wann déi Leit am Afghanistan sou vulnerabel sinn, datt sech d‘EU extra ëm si këmmere muss, wisou kréien se dann an Europa keen Asyl, subsidiären Schutz oder soss eng Form vun der Protection internationale? Et klengt e bëssi sou, wéi wann een*t d‘Pompjeeën géif ruffen, well säin Haus brennt, an déi géifen eng Persoun schécken, déi engem hëlleft, laanscht d‘Féier ze manövréieren amplaz de Brand ze läschen.

Afghanistan ass keen séchert Land.

Kuckt een sech d‘Reeswarnungen vum däitschen „Auswärtigem Amt“ un, steet do als alleréischt fett gedréckt „Vor Reisen nach Afghanistan wird dringend gewarnt“. Natierlech ass d‘Situatioun fir europäesch Tourist_innen eng aner wéi fir Afghan_innen, mä speziell Leit, déi geflücht sinn an erëm zeréck kommen, wäerten ähnleche Geforen ausgesat sinn. Et geet bei den Reeswarnungen nämlech net „just“ ëm Entféierungen, mä ganz konkret ëm bewaffent Konflikter a Kirch.

D‘Washington Post vum leschten Freiden schwätzt dovunner, datt d‘Taliban an Afghanistan ëmmer méi Grond gewannen an hiren Territoire erweidere kënnen. An dat trotz US-Loftugrëff an Ënnerstëtzung vun der lokaler afghanescher Arméi. D‘US-Interventiounen schéngen awer just sou wäit een Effet ze hunn, an deem s de d‘Taliban méi lues maachen, mä trotzdem net ganz ophalen. En plus sollen d‘US-Truppen ofgezunn ginn, an wéi et no de Walen an den USA am Afghanistan weider geet, weess am Moment och keen sou richteg, well den Donald Trump all Versuch, am Wahlkampf iwwer konkret Politik ze schwätzen, zerstéiert.

Och am Moment ginn et stänneg Terror-Attacken an Afghanistan. No engem Suicide-Attentat op een Grenzposten leschten Freiden huet déi pakistanesch Regioun Parachinar dräi Grenzposten op onbestëmmten Zäit zou gemaach.

Afghanistan ass also alles anescht wéi sécher, grad fir „vulnerabel“ Persounen. Wéi kënnen mir et also verantworten, Leit dohinner zeréck ze schécken? Wéi kenne mir sou maachen, wéi wann Afghanistan een séchert Land fir déi Leit wier, obwuel eis Arméi de Fluchhafen séchert, obwuel ni een vun eis géif op d‘Iddi kommen, do Vakanz ze maachen?

Quellen:
Parlamentaresch Ufro déi Lénk
Äntwert Ausseministère
Artikel Wort.lu
:
Auswärtiges Amt zu Afghanistan
Artikel Washington Post
Attacken 14.10.2016

Dir huet dës Episod gefall? Dann hëllef mat, se ze verbreeden! Du kanns dës Buttons dofir benotzen:

Angscht a Schrecken nom Brexit

Oh méi.
D‘Leit aus dem Vereenegte Kinnekräich hunn also fir de sougenannte Brexit gestëmmt.
D‘UK soll also aus der EU austrieden.

Et huet ëmmer bëssen onméiglech geklongen, well et jo wierklech eng schlecht Iddi ass. Et kann een villes un der Europäescher Unioun kritiséieren. Zum Beispill, datt se net immens demokratesch an dacks ze bürokratesch ass. Mä doduerch, datt de Kontinent dat lescht hallewt Joerhonnert domadder verbruecht huet, zu engem wirtschaftleche Raum zesummen ze wuessen, ass een Enn vun der Unioun – oder eben een Austrëtt – fir vill Leit net virstellbar.

An alleng op prakteschem, alldeeglechen Niveau ass grad d‘Reessfräiheet an d‘Fräiheet, iwwerall an der Unioun wunnen, schaffen oder studéieren ze kënnen eppes, ouni dat vill vun eis sech een Liewen net méi kënne virstellen. Grad Jonk Leit profitéieren enorm vun de Méiglechkeeten, déi zum Beispill den Erasmus+ Programm bidd. Och Beräicher wéi Wëssenschaft, Konscht a Kultur gehéieren zu deene Sektoren, déi vill vun EU-Sue profitéieren an och ville jonke Leit ze gutt kommen. Déi Jonk am UK verléiere lo villes, wat fir eis selbstverständlech ass. Et liest een vill, datt déi Aal deene Jonken d‘Zukunft souzesoe geklaut hätten, well déi meescht Jonk géint de Brexit gestëmmt hunn, déi Aal zum gréissten Deel awer dofir. Allerdéngs muss een dobäi och beuechten, datt grad déi ganz Jonk zwëschen 18 an 24 Joer zu enger grousser Majoritéit net wiele waren. Read More

Angscht a Schrecken bei enger Visite vun der furchtbaar dreckeger an chaotescher Haaptstadt vun der Belge

Wosst dir, daat et Schokolaseer vun M&Ms ged? Ech och net, bis ech der enges Sonndes Moies um Kaffisdesch léien hat. Ech hun mer geduercht: Wow, daat ass eng cool Idee, eng M&M an der Form vun engem Schokolasee. An Wirklechkeet waar et awer just en Schokolasee mat butzeg klengen M&Ms dran. Ech hun daat ziemlech entäuschend fonnt.

Read More