Angscht a Schrecke mat Pokémon Go

Dir kënnt engem alles futti maachen. Souguer Pokémon.
Et war jo kloer, datt et een giganteschen Hype géif ginn, wéi ugekënnegt ginn ass, datt d‘Pokémon géifen op den Handy kommen. Um Smartphone ass et lo mat Pokémon Go méiglech, dobaussen an der richteger Welt Pokémon ze fänken. Fir jiddereen, deen an de leschten zwanzeg Joer eent vun deene sëlleche Spiller mat den knuffege Monstere fir eng vun den Nintendo-Konsole gespillt huet, geet eng Zort Kandheetsdram an Erfëllung.

An lo ginn all déi Kanner, Jugendlech a jonk Erwuessener, déi zanter Joere virgeworf kréien, just nach doheem virum Computer ze setzen, op een mol virun d‘Dir. An d‘Natur, esouguer. An fänken do Pokémon an fannen dobäi Läichen, ginn iwwerfall, hunn Autosaccidenter, lafen an Schéissübunge vun der däitscher Bundeswehr oder sinn einfach zu immens vill am Central Park zu New York. Jo, all déi Geschichte sinn richteg geschitt, den Autosaccident war souguer zu Lëtzebuerg. An anscheinend wollten e puer Pokétrainer_innen souguer bei den Grand-Duc an d‘Schlass. Si sinn natierlech net méi wäit wéi d‘Gelänner komm, mä mat Pokémon ass dat trotzdem eng Noriicht. Read More

Angscht a Schrecke mat der Natioun

Et ass alt nees esou wäit. De Nationalfeierdag steet virun der Dir. An do feiere mir zu Lëtzebuerg zwar iergendwéi de Gebuertsdag vum Grand-Duc, mä am Fong gëtt d‘Natioun geféiert. An déi Natioun, déi ass dach eigentlech eng zimlech komesch Saach.

D‘Iddi vun der Natioun ass net immens al. Se staamt aus dem 19. Joerhonnert an ass also eng modern Erfindung. Dat heescht eben och, datt villes, wat mir haut als national Symboler, Gebräicher oder Traditioune verstinn, méi oder wéineger erfonnt oder adaptéiert ginn sinn, fir een Gefill vun Zesummenhalt, eben een Nationalgefill, ze kreéieren. A ville Länner ass zimlech kloer, wat déi eegen national Identitéit duerstellt, mä zu Lëtzebuerg ass dat net sou. Nieft der Monarchie, dem Kachkéis an eben der lëtzebuergescher Sprooch ass net sou vill do, wat unique fir de Grand-Duché wier. Read More

Angscht a Schrecke mam Artikel 4 vun der néier Verfassung

Endlech ass et esou wäit. Nodeems jorelaang an der däischterster vun allen Donkelkummern dorun gedoktert gouf, ass dëse Weekend endlech den Entworf fir déi nei Verfassung verëffentlecht ginn. D’Dokument dréit den wonnerbaren Titel „version+13.03.15docx.docx“ an ass ganzer 6753 Wierder laang, dat sinn knapps 18 Säiten. An 131 Artikelen ginn déi zukünfteg Grondlagen vum Grand-Duché duergeluecht. Eng ganz Réi Artikelen beschäftegen sech mam Grand-Duc a senger Famill, vill Saachen sinn net onbedéngt spektakulär Ännerungen. Esou steet elo zum Beispill d’Heemecht als Nationalhymn an der Verfassung. Doriwwer hätt een vläit een Referendum maache kënnen, mä dann wier et herno nach een Lidd vum Fausti ginn.

mp3 download
Read More