Angscht a Schrecke mat Pokémon Go

Dir kënnt engem alles futti maachen. Souguer Pokémon.
Et war jo kloer, datt et een giganteschen Hype géif ginn, wéi ugekënnegt ginn ass, datt d‘Pokémon géifen op den Handy kommen. Um Smartphone ass et lo mat Pokémon Go méiglech, dobaussen an der richteger Welt Pokémon ze fänken. Fir jiddereen, deen an de leschten zwanzeg Joer eent vun deene sëlleche Spiller mat den knuffege Monstere fir eng vun den Nintendo-Konsole gespillt huet, geet eng Zort Kandheetsdram an Erfëllung.

An lo ginn all déi Kanner, Jugendlech a jonk Erwuessener, déi zanter Joere virgeworf kréien, just nach doheem virum Computer ze setzen, op een mol virun d‘Dir. An d‘Natur, esouguer. An fänken do Pokémon an fannen dobäi Läichen, ginn iwwerfall, hunn Autosaccidenter, lafen an Schéissübunge vun der däitscher Bundeswehr oder sinn einfach zu immens vill am Central Park zu New York. Jo, all déi Geschichte sinn richteg geschitt, den Autosaccident war souguer zu Lëtzebuerg. An anscheinend wollten e puer Pokétrainer_innen souguer bei den Grand-Duc an d‘Schlass. Si sinn natierlech net méi wäit wéi d‘Gelänner komm, mä mat Pokémon ass dat trotzdem eng Noriicht.

Wat ebe sou geschitt, wann een_t virun d’Dir geet…

An wat soll een dozou soen? Dat sinn alles Saachen, déi passéieren, wann een raus geet. Et hunn ëmmer scho Leit Läiche fonnt, hunn Autosaccidenter gehat, sinn iwwerfall ginn an et sinn sécher och scho viru Pokémon Jugendlecher domm gewiescht a sinn an Schéissübunge gelaf oder stoungen nuets virun der Part vu Colmar-Bierg. A mengem Bekanntekrees gouf et souguer Geschichte vu Leit, déi dem Grand-Duc säi Schwammbaseng benotzt wollten hunn. All déi Geschichten, déi „faits divers“, déi lo interessant, gehyped an pseudo-skandaléis op den Startsäite vun de Noriichtesite gepusht ginn, sinn am Fong zimlech banal. Mir wäerten eis och – historesch gesinn – lächerlech domadder maachen. Mä dat ass alles net de Punkt, op deen ech eraus well. De Punkt ass, wéi déi Geschichte benotzt ginn, fir eng gewëss Stëmmung opzebauen.

An zwar gëtt lo vu villen – virun allem eeleren – Leit Stëmmung géint Pokémon Go gemaach. „D‘Leit lafe jo just nach mam Handy virun der Nues ronderëm! Déi sinn jo all wéi ferngesteiert! Super, nach méi Idioten op der Strooss! Hutt dir dann all kee Liewen?“
Et ass absurd. Nach virun zwou Wochen hätten déi Leit de Jonke virgeworf, se wieren ze vill dobannen an géife just nach op hir Handyen oder Computere kucken. Lo sinn déi Jonk Leit un der frëscher Loft, kommunizéiere mateneen, entdecken hir Uertschaft op eng nei Manéier, gi Kilometeren zu Fouss, fir datt aus virtuellen Eeër Monstere schlüpfen – an lo ass dat och net gutt!

Ween fänkt d’Mediekompetenz?

Dobäi kënnt, datt déi Kritik virun allem vun enger Generatioun kënnt, déi enorm Problemer mat hirer Mediekompetenz huet. Mëttlerweil sinn d‘Geräter all sou liicht ze bedéngen, datt kaum nach eng Persoun e Problem domadder huet, mä d‘Konsequenze vun hirem virtuellen Handelen ass hinnen dacks net bewosst. Kuckt iech einfach mol un, wéi vill Leit d‘Sharing-Funktioun vu Facebook net verstanen hunn an Gewënnspill-Fotoe privat deelen. Oder eben ëmgedréint der ganzer Welt hir Vakanzefotoen weisen, obwuel déi sécherlech just e puer Frënn_dinnen géif interesséieren. An dat sinn just Beispiller fir déi méi technesch Aspekter.

Et schéngt, wéi wann an der Generatioun vu mengen Eltere keen_t méi wéisst, wéi een eppes googelt. Oder sech drun erënnert, datt een dat maache sollt, iert een zum Beispill een Artikel vun engem abstruse Blog deelt. De medienkompetenztechneschen Analphabetismus vun den Generatiounen iwwer 40 ass geféierlech. An dat net am Sënn vun „wann s de op däin Handy kucks renns de a Luuchepoto“-geféierlech, mä am Sënn vun „geféierlech fir eis Demokratie“. Wann sech Leit ouni d‘Kompetenz, d‘Richtegkeet oder d‘Quell vun enger Meldung ze iwwerpréiwen an den Internet beginn, kann dat op laang Siicht enorm geféierlech ginn. Wahrscheinlech ass och den Ausgang vum Referendum vum leschte Joer genee där Dynamik verschëld – op der Säit vum Nee ass jo ganz gäre mat falsche Fakten argumentéiert ginn.

Pokémon Go an den ëffentleche Raum?

An natierlech: D‘Geschicht ass net schwaarz oder wäiss. Et ginn och „al“ Leit, déi eng enorm gutt Mediekompetenz hunn an et gi Jonker, déi ouni 10 Sekonnen ze googlen alles gleewen. Ween Pokémon Go spillt, tendéiert dozou, net sou gutt op seng Ëmwelt opzepassen – net vir näischt gëtt een um Ufank vum Spill gewarnt, et soll een oppassen, wou een hintrëppelt. Mä sech iwwert een Spill opzereegen, dat am beschte Fall dozou féiert, datt eng ganz Generatioun gäre spadséiere geet an sech eventuell och méi aktiv mat der eegene Medien- an Techniknotzung beschäftegt, ass net d‘Léisung. Mir brauch au contraire een Discours iwwert eiser aller Medienotzung an iwwert Fro wisou Mediekompetenz nach ëmmer kee Schoulfach ass. En plus bidd Pokémon Go d‘Geleeënheet, iwwert d‘Opdeelung vum ëffentleche Raum ze diskutéieren. Vläit hunn demnächst jo e puer Jonker méi dozou ze soen. Et misst een hinne just nolauschteren.
photo cc-by-sa Farley Santos

Dir huet dës Episod gefall? Dann hëllef mat se ze verbreeden! Du kanns dës Buttons dofir benotzen: