Angscht a Schrecken virun, bei an no enger sportlecher Groussveranstaltung

Et gi Leit, déi fillen sech zu enger Natioun zougeheireg. Ech fannen dat komesch, mä ech fannen et och komesch wann Leit mat engem SUV duerch d’Staat fueren, well se mengen se wiere soss net sécher. Déi Leit hunn d’Tendenz, no Fussballsmatcher an hier Autoen ze klammen an ze tuten. Och dat fannen ech komesch. Nach méi komesch fannen ech awer déi allem Uschäin no zimlech lëtzebuergesch Mentalitéit, fir Blockwart spillen ze mussen. Een selwer wier jo net esou. Oder et géif een tuten fueren, wann déi, déi soss ëmmer tuten, verléiere géifen.
An elo huet den Grand-Duché dann och seng sportlech Héchstleeschtung gehat …

Read More

Angscht a Schrecken fir zereck an de Grand-Duché vun der Angscht

Et ginn Zäiten, do ass Flucht aus den 2586 km², déi sech Lëtzebuerg nennen, déi enzeg richteg Optioun. Dann ass et och egal, wou een hi geet, haaptsaach fort.
Mä da ginn et awer och Zäiten, do ass et ubruecht, zeréck ze kommen. Esou Zäiten sinn zum Beispill Chrëschtdaag, wou et definitiv keng schlecht Idee ass, heem ze kommen, ze friessen an ze saufen an durno op engem iwwerfellten, eklegen Baal frieme Leit op d’Schong ze katzen.

Summer ass och esou eng Zäit. A grousse Stiedt gett et onmosseg wäerm, an d’Hetzt zidd och an der Nuecht net eraus. Wann e Pech huet an och mol keen Wand geet, ass et schwiereg, iwwerhapt Ofkillung ze kréien. An genee esou ass et mir gaangen …

Read More

Angscht a Schrecken ob der Oekofoire

Et gouf anscheinend irgendwann emol eng Zait, zu der et fuerchtbar revolutionär waar, greng ze sinn, Bio-Geméis ze iessen an sech Solarzellen ob den Daach ze installéiren.
Haut ass daat alles net méi esou néi an wéinst dem Klimawandel probéiert elo jiddereen, sain Ökohellegenschain ob manst e bessen ze poléiren. Gréng sinn ass sou ze soen „in“ an Bio-Breiderscher kritt een esouguer bei denen groussen Bäckerketten.

Trotzdem ass d’Welt nach emmer net gerett. Dofir ged et all Joers d’Oekofoire, ob där een dann ganz vill Saache kaafe kann, fir d’Welt ze retten…

Angscht a Schrecken schon erem eng Kéier op enger Praisiwerechung an enger Bank

Verschidden Titelen vun derser Serie klengen esou, wéi wann ech oft daat selwescht géif erliewen. Mä am Fong kréien ech net all gudden Daach en Prais an enger Bank iwerecht. Et ass just en Zoufall, daat et elo esou kuerz hannertneen zwee mol geschidd ass. Des Kéier hunn ech ee Prais vun verschiddenen Botschaftler kritt, „in Anerkennung besonderer Leistungen“. Wat daat heesche soll, kann sech jo jiddereen denken.

Read More

Angscht a Schrecken an der Rentrée

En Joer ass definéiert doduerch, daat déi Kurrel op der mir setzen (d’Erd) eng Kéier rondrem eng aaner Kurrel (d’Sonn) dréint. Aus irgendwelchen mytholgeschen Grenn ass den Datum fir daat ze féiren op genee eng Woch nom Gebuertsdaag vun irgendengem Drogenverreckten geluecht ginn. Och schon deemols wollten d’Leit hier Feierdeeg hunn.

Read More