Angscht a Schrecken an engem bekannten Akaafszentrum um Kirchbierg

Heinsdo huet d’gefill, wei wann jiddereen rondrem engem Drogen geholl hätt, oder sech opmanst esou geifen opfeiren, an en selwer den eenzeegen Niichtern wier. An besonnesch em Chreschtdaag geschidd daat …


Heinsdo huet d’gefill, wei wann jiddereen rondrem engem Drogen geholl hätt, oder sech opmanst esou geifen opfeiren, an en selwer den eenzeegen Niichtern wier. Mir geschidd daat relativ oft. De Verdacht, daat ech ze vill oft niichter sin, hun ech jo schon mei laang.

Et ged awer och Deeg, do fillt en sech wei wann en alleng eng schlemm Horrodrog geholl hätt an vun kengem keint Rettung oder ob manst Erbaarmen erwärden.

Un sech leien die zwee Gefiller ganz no beineen. Am schlemmsten sin die Deeg, wou en sech fillt wie ob engem Horrortrip an glaichzaiteg de Recht vun der Welt sech behellet wei wann se op LSD wier. Et ged Plaatzen, wou daat Gefill bei mir baal emmer opkennt.

Eng dovunner ass een bekannten Akaafszentrum um Kirchbierg. En riesengroußen Komplex wou en all Doomheet kaafen kann, an daatenzegt Gebai am Land daat ech kennen wou zu all Joereszait, 365 op 365 Deeg am Joer en Karusell steht. An daat ass un sech jo nach harmlos.

Lo kann en sech natirlech die berechtegt Fro stellen, wiesou ech dann iwerhaat an daat bekannten Akaafszentrum um Kirchbierg gin. Emmerhin kann en daat vermeiden, et ged en jo vun kengem gezwongen doranner ze goen an an aaneren Geschäfter ass et oft esouguer nach mei flott. Ech mengen, ech muss die Geschicht vun vir un erziehlen. Ouni de Kontext ass daat ganzt net ze verstoen. Mat vlaicht och net. Mee probeiren kann en et jo mol.

Wei also kennt den Gonzojournalist den en op manst “konsumkritesch” nennen keint, an die Grande Surface op de Kierchbierg, virun allem wann en sech do fillt wei wann hien do op engem beisem Horrortrip wier?

Ganz einfach. Ech haat en Date. Dat ech iwer Myspace kennengeleiert haat. Immens hip an esou eben. Mir haaten eis en Film ausgesicht, den en durchaus als “usprochsvoll” keint bezeechnen, emmerhin haat en zu Cannes en Prais gewonnen. Mengem Date hun d’Schauspiller gefall, also konnt en op manst op dem Punkt net mei vill falsch maachen.

Ech souz also am Bus fir op de Kirchbierg, bei main Date an hun mir froen gestallt.
Waat geif ech maachen, wann elo am daischtren Kinossaal die grous Knutschterei geif unfänken an ech leiwer de Film geif kucken? Oder op bemol guer keng Loscht mei op daat groust Knutschen hätt? Wei geing hat op mech reagieren? Wei geif ech op hat reageiren? Waat wier, wann ech a bemol fuerzen misst an jiddereen geing et mierken?

Ob een mol waar et mir schlecht. Ech wosst net wirklech firwaat. Et waar keng Opreegung, domadder hätt ech kennen emgoen. Nee, et waar den Unfank vun engem Gefill, daat ech nemmen all ze gudd kennen.
Angscht. Schrecken waar et nach net, mee den ellenen Ufank vun dreckeger kierperlecher Angscht. D’Froen sin an mengem Kapp zesummengewuess. Aus der Wollknetzer vun Gedanken ass virdeischt eppes gestrektenes gin, dunn ass et emmer mei fest gin. Virun mengem geeschtegen Aan huet sech en Amboss gebildt, ob dem stoung:
“WAAT mess du hei eigentlech?”

Ech hun natirlech keng aaner Äntwert fonnt wei
“Ech fueren mat engem Bus (Line 18) op de Kierchbierg, wou ech mat mengem Date, daat ech vun myspace.com – uh, wei hip kennen, an de Kino gin.”

Et ass extrem schweier, philosophesch Iwerleeungen ze maachen wann engem d’Angscht wei en ze schaarfen Chilli bei dem een faart, daat den Chilli mei ätzend ass wei d’Moseier an sech irgendwann duerch de Bauch eraus ätzt, am Mo setzt. Ech haat och iwerhaat keng Zait fir do vill an laang ze iwerleen. Irgendswann hun ech missen erausklammen.

Un sech haat ech mech dorobber gefreet. Die fresch Loft geif mir gudd doen, hun ech geduercht. Ee kaale Kapp, bessi neien Sauerstoff an d’Longen an 2 Minuten Stellt fir sech virzebereeden, durno d’Konfrontatioun.

Ech sin voller Virfreed op fresche Sauerstoff aus dem Bus gesprongen, hun de de Mond oprappt an die herrlech kaal, fresch photosynthetiseiert Loft an meng Longe gezun an deif duerch geotemt

Dun war et mir nach mei schlecht. Ech wosst mol net wiesout. Den Angscht-Amboss an mengem Mo ass mei grous gin. Elo gouf et just nach een Auswee. Eraus aus der frescher, onverbrauchter, frech photosynthetiseierter Loft an die wonnerbar schrecklech kenschtlech Atmosphär vun engem Akaafszentrum.

Schon bei der Dir kritt en waarm Loft an d’Gesicht geblosen. Amplaatz vun 2 Minuten Stellt sollt ech elo 2 Minuten Konsumterror an pre-advents-Kitsch fir mech ofzelenken.
Un sech haasen ech Chreschtbeliichtung an alle Formen, virun allem wann se farweg blenkt, mee am Moment war ech frou, daat ech meng Angscht op eppes anneres fixeiren konnt.

Ween schon eng Keier an dem bekannte Akaafszentrum um Kirchbierg waar, deen wees, daat do en Rollband an eng Traap erof gin, lanscht eng Aart kenschtlechen Waaserfall. Ech hun genee daat luest Rollband geholl. Ech hun daat gebraucht. En Moment wou ech mch gemitlech konnt dreiwen lossen.
Do, wou soss Wasser gespruddelt ass, waar alles mat Selwerpabeier ausgeluecht an et stoungen Chreschtbemerscher dran. Den ganz normale Chreschtkitsch eben, den engem esou begeint. Domadd elleng wier ech färdeg gin. Ech haat mat esou eppes gerechent. Oder mat engem iwerlieweensgrousen 6-Meter-Kleeschen, den sech vum Glasdaach bis kuerz iwert d’Käpp vun de Leit erofseelt an dobai “Ho-Ho-Ho” mat enger elektronescher Stemm seet oder den en Radio an sengem iwerliewensgroussen 2-Meter-Arsch huet aus dem “Jingle Bells” spillt.
Daat wier alles net weider schlemm gewierscht. E bessi Angscht vlaischt, mee mei och net.

Ech sin den Chreschtbemerscher emmer mei no komm an hun gesin, daat do Schnei geif drop leien. Also, natirlech keen richtegen Schnei, dofir waar et vill ze vill waarm. Et huet vun waitem och wei Watt oder eppes ähnlechem ausgesin. Wei ech lanscht den eischten Baam gefuer sin, hun ech gesin, daat et eppes ganz anneres waar.
Do haat en waiss Kawechelscher an waiss Eilen aus Plüsch op den Plastikbaam gesaat. An verschiddenen vun denen Deiren luchen kappiwer um Baam.
En waisst Plüschkawechelchen. Mat enger Plastiknoss an den Patten. Op engem Plastikchreschtbeemchen. Rondrem Selwerpabeier an blenkend Luuchten.

Waat fir en Drogenfreak haat sech daat ausgeduecht? Op waat fir engem ellenen Horrortrip waar ech? Meng Angscht huet mat voller Wucht zereckgeschloen an huet de Schrecken direkt matbruecht.
Ech hun probeiert, d’Geneck vun dem Mann virun mir ze fixeiren an mech ze berouegen:
“Keng Panik, Joel. Et ass nemmen Chreschtdekoratioun. Kloer leisst esou eppes perverses Angscht a Schrecken aus, mee pass einfach nemmen op, daat et net zu Panik an Grauen ausaart. Durchotmen. Roueg.”
Et huet net geklappt. Mat Angscht a Schrecken an den Aan hun ech den Bestarium vun waissen Plüschdeiren gekuckt.

Wei ech ennen um Rollband unkomm waar, waar mir de Recht egal. Ech sin sou Seier wei meiglech Richtung Kino gerannt. Wech vun der schrecklecher Dekoratioun, ewech vun kenschtlechen Atmosphären, ewech vun waissen Plüschkawechelcher. D’Konfrontatioun mat mengem Date waar daat enzegt, waat mir nach hellefen konnt.