Angscht a Schrecken an der Hollerescher Stross

Déi berühmt-berüchtegt Hollerescher Stross. Net nemmen eng Plaatz wou vill Leit Party maachen, mee och eng stänneg Quell vun Angscht a Schrecken …

[audio:http://www.angschtaschrecken.lu/audio/angschtaschrecken05web.mp3]
mp3 download


No engem vun mengen selleschen Kinostouren an denen leschten Wochen stoung ech eng Keier ziemlech domm do. Also, ech stoung op der Gare an haat den Zuch fir zereck un die nördlech Front vum Gutland em genau 5 Minuten verpasst.
Mei blöd kann et engem baal net goen.

Eng Keier haat ech den leschten Zuch verpasst an mech dunn schon baal mat der Idee ungefrennt, bis 4 Auer moies rondremzewanderen. Mee dun haat ech awer en fonnt, den mech bis heem gefouert haat. Daat war am Endeffekt manner blöd gaangen wei den Zuch em 5 Minuten verpasst an keen Grond hun, fir heemgefouert ze gin.

Ech hun dun einfach beschloss, mir d’Hollerescher Stross unzegucken. Also, einfach en klengen Spazeiergaang ze maachen. Vlait geif ech virun engem vun denen berüchtegten Boiten jo eng hip Myspace-Bekanntschaft begeinen an den Owend geif sech irgendwei interessant gestalten.
Sou Saachen waaren awer eischter onrealistesch an ech hun missen Zait emkreien.

Ausserdeem waar ech hongreg. Also, e bessi. Daat kennt dovunner, wann en mengt et geif en vun e bessi Popcorn saat gin. Popcorn huet en Nährwertgehalt vun Null. Un sech ass et just Zocker an e bessi Mais. An virun allem ass de Popcorn, den ennen an der Tuut lait, ziemlech ekleg. Verbrannten, verzockert Maiskäären. Mee et esst en se awer, well en esou hongreg ass.

An waat mescht een, wann en Gonzojournalist deenden Zuch verpasst huet, hongreg ass an welles huet, duerch d’Hollerescher Stross ze spazeiren? Richteg, et geht et en bei de Kebap.
Ech haat net mei vill Souen – den Dreckspopcorn waar deier – an hun mir eng Fritt kaaft. Die 5 Minuten waaren alt erem, an op manst haat main Moo eppes, mat dem en de Popcorn-Vakuum opfellen konnt.

D’Fritten hun net wirklech gudd geschmaacht an ech haat d’Gefill, daat Zait guer net geif eremgoen. Se huet richteg geschlaach. Angscht a Schrecken. Geif sech die Stonn lo eiweg Zeien wei en Knätsch den engem ennert der Schongsuel pescht an den en net lassged?
Waat sollt ech dann die ganzen Zait nemmen maachen?

Ech sin dun an die berühmt-berüchtegt Hollerescher Stross agebeid.
Un sech ass d’Hollerscher Stross fir Letztebuerg daat, waat Las Vegas fir d’USA sin, hun ech geduercht. Just, daat et keen Glecksspill ged an Las Vegas bessi mei grouss ass.
An an der Hollerescher gin et keng Tigeren.

Nach virun dem Parking, ob dem ech eng Keier gesin hun, wei zwee Leit en dretten widdert d’Mauer gedreckt an en dun bessi geschlo hun, haat ech eng Aart Déja-Vue Erliewniss. Ech sin laanscht ee Grupp Leit gaang, die bessi Toppegkeeten schwätzen. Ech waar och schon laanscht, wei op ee Mol een vun denen mesch mam Numm rifft.
Ech dreinen mech em, den Typ seet “Moien”. Ech äntwerten em an froen mech:
“WEEN waar daat?”
Ech hoffen, daat et net de Rastamann waar. Egal. Einfach weider goen. Keng Angscht.
Iwregens hun sech die drai Typen op dem Parking deemols no dem ganzen d’Hand gin, an et huet geschengt, wei wann do nie eppes geschidd wier. Ech hun daat komesch fonnt.

Ech sin dun laanscht dei Boiten komm, vun denen jiddereen schwätzt an an denen ech et un sech net esou cool fannen. Ok, an denen meeschten waar ech och ereischt eng Keier dobannen, mee soit. Ech fannen, et ged mei angenehm Plaazen fir eng Nuecht ze verbrengen.
Woubai dei beschten Art an Weis natirlech nach emmer “on the road” ass.
Naischt ged iwert daat Gefill, op der Rull ze sin, an am beschten voller Drogen. Ob eng gudd Art an Weis. Verreckt gin, ouni Angscht a Schrecken ze erliewen.
Mee esou eppes ass weder zu Las Vegas nach an der Hollerescher Stross meiglech. Dofir fehlt einfach eppes.
Ech waar och vill ze frei do. Et waar nach keng Lass. Komplett roueg. Freier sin d’Leit em die Zait heem gaangen, haut ass dann nach keen do. Daat nennt en dann Zeitgescht.

Waat sollt ech hei? Hei waaren keng hip Myspace-Kontakter, hei waaren keng Drogenverrecktener, die sech Chreschtdekoratioun fir an Akaafszentren anfaalen lossen, hei waar net emol de Rastamann. Eischter wier ech dem Kleeschen an dem Houseker begeint wei hippen Myspace-Kontakter.
Also sin ech weidergaangen, emmer weider, laanscht futtis Heiser, an mir ass opgefall, daat dei hipp “Hollerscher Stross” vun der emmer esou vill geschwaat ged, no drai, 4 Haiser riwer ass an dann just nach Heiser kommen, dei ausgesin, wei wann d’Grondsteckspraiser nach net deier genuch wieren.

Wann en bessi mei genau kuckt ass den ganzen Quartier ziemlech ellen. An do kennen och e puer Boiten naischt hellefen.
Irgendwann waar ech um Enn vun der Stross unkomm, oder ob manst op enger Kraizung, iwert dei ech net wollt goen. D’Keier maachen wollt ech och net.
Elo haat ech keng Loscht, komeschen Leit an schwaarzen oder rouden Räck ze begeinen, die mir Kamellen oder Rutten gin. Sou Leit sin oft Drogendealer.

Ech sin ouni vill Loscht eng aaner Stross zereck Richtung Gare getreppelt.
Die gaanz Szenerie ass mir emmer mei onheemlech virkomm. Ech hun komesch Buttiker gesin, an denen en anscheinend just Kreemschen ze kaafen kritt. Ech hun mech schon emmer gefroot, wiesou et esou vill Buttiker ged, an denen offensichtlech just Kreemschen verkaaft ged. Virun allem hun ech mech gefroot, wei esou Buttiker iwerliewen kennen.
Am Daach sin die Froen vlaischt nach witzeg an et kann en esou flott Theorien mat Stechwierder wei “Geldwäsch”, “Mafia”, “Drogengeschäfter” an “Rastamann” spannen, mee an der Nuecht ass die Saach eng aaner.

Do kuckt en duerch d’Vitrine, an der en sech selwer bessen spiggelt an gesait an der Daischtert just Kreemschen wei rosa Teigeschier an Biller mat klengen faarwen Luuchten drun.

Ech hun gespuuert, daat ech hun missen fort. Laang geif ech esou eppes net mei aushaalen. Angscht a Schrecken sin lues un mir eropgekroch.

Ech hun probeiert mei schnell ze goen, mee dun sin ech laanscht en Auto komm, wou anscheinend Leit dran soutzen. Schon vun waitem hun ech d’Opglimmen vun enger Zigarett – oder eischter engem Joint gesin. Ech sin lues laanscht gaangen, schein roueg. An ech hun probeiert net op den Auto ze kucken, ze maachen, wei wann mir daat ganzt guer net opgefaalen wier.
Hei konnt jiddereen, den ausgesait, wei wann en just an engem Auto geif setzen an kiffen, en gefeierlechen Drogenverreckten sin, den an Wirklechkeet ganz aaner Saachen am Kapp haat.
Die zwee vertraut Gefiller vun Angscht a Schrecken sin mei staark gin.

Ech sin gaang, esou seier ech konnt, bis ech endlech erem bei der Gare waar an op main Zuch waarden konnt.