Angscht a Schrecke beim Versuch, an de Kino ze goen

Kino, dat ass dach eppes flottes. Eng Welt voller Magie, déi eis vun Angscht a Schrecken oflenkt, eis net drun denke léist, datt mir am Fong ganz aner Suergen hunn. Dofir kucken ech gäre Filmer. Well se een am beschte Fall verzauberen. Am schlechteste Fall huet een ëmmer nach ëmmer, iwwert dat een sech opreege kann. Oder, am allerschlëmmste Fall kann en sech am Internet driwwer opreegen, wéi schlecht den Film war an sech mat deene Leit zerstreiden, deenen de Film gefall huet. Egal wéi, eng gewëss Form vun Amusement ass garantéiert.

An war et net och zu Lescht den Internet, dee mech dozou bruecht huet, an den Kino ze goen. Engersäits hunn ech en Review vun dem Film, den ech kucke wollt goen, gelies, den wierklech gutt geklongen huet an anerersäits hunn ech iwwer Twitter eng Persoun fonnt, déi wollt matgoen.

Dat ass och esou eng Saach. Eng vun deenen éischten Episode vun Angscht a Schrecken handelt drëm, wéi ech probéieren bei mäin Date an de Kino ze kommen. Kenner vun der Serie erënneren sech: En Date vu MySpace. An haut, am Joer 2009, fannen ech iwwer Twitter.com Leit, déi mat mir an de Kino ginn. Twitter ass, fir déi Leit déi et nach ëmmer net wëssen, eng laang Rei vu Statusmessage vu Leit, déi een selwer interessant fënnt. An jiddereen äntwert esou oft en Loscht huet op d’Fro „Wat mëss de grad?“. An dat ganzt ass begrenzt op 140 Zeechen. Wann ech et net selwer géif benotzen, géif ech elo en kulturpessimistesche Commentaire iwwer den Verfall vun der Sprooch maachen. Mee dofir schaffen ech wahrscheinlech beim falsche Radiosender.

Ech war also vum Wee vun der Stad op den Kierchbierg. An ech muss éierlech soen dat mir den néie Bussystem vun der Stad Lëtzebuerg nach ëmmer Kappzerbrieches bereet. Ech huelen normalerweis just Busser vun der Gare op den Aldringer, well méi brauch ech net. Lo hunn ech jo awer missen op den Kierchbierg. Do ass dann een Bus komm op dem Stoung „Weimershof – Luxexpo“.
Luxexpo, dat huet gutt geklongen, well dohinner hunn ech jo missen. Weimershof, dat huet net esou gutt geklongen, mee wéi mir dat bewosst ginn ass, souz ech schonn am Bus.

Mee den Bus ass an déi richteg Richtung gefuer an ech hunn mir geduecht, Weimershaf, Weimershaf, dat ass bestëmmt just een anert Wuert fir dat Wunngebitt vum Kierchbierg, wann den Bus herno bei d’Luxexpo fiert, ass jo alles an der Rei!

Trotzdem wosst ech ganz genee, dat Angscht a Schrecke mat am Bus géife setzen. Iergendeen Drogenverreckten hat am September all d’Buslinnen duerchernee gerëselt, sou dat kee kloer denkenden Mënsch méi novollzéie konnt, wat fir een Bus en misst huele fir wouhinner ze fueren. Vlaischt waren mat „Luxexpo“ och guer net d’Foireshaalen gemengt, mee … d’Bürosgebai vun der Luxexpo oder soss iergendeppes komesches, wat zoufällegerweis och „Luxexpo“ heescht an awer iergendwou ganz anescht ass.

Do fiert den Bus och, nodeems mer laanscht den megalomaneschen europäesche Quartier sinn, dee probéiert eng Skyline fir Lëtzebuerg opzebauen an dobäi esou zimlech kläglech versot, an en Wunngebitt. Haus un Haus, eng roueg, lëtzebuergesch Cité, wéi se méi idyllesch net kéint sinn. D’Cité, dat ass den lëtzebuergesche Pendant zum amerikaneschen „Suburb“. Just dat et an Amerika och nach richteg Stied ginn, bei eis bestinn déi meescht Uertschafte just nach aus Citéen, déi hire Bewunner eng Idyll presentéieren, eng Sécherheet virun der grousser Angscht, déi den Grand-Duché regéiert an natierlech eng Parkplaz fir den SUV oder 4×4.

Mee et gi bestëmmt och fein Leit, déi just aus Zoufall an enger Cité wunnen. Ech sinn am Zentrum vun enger klenger Stad opgewuess, wat aus mir net nëmme Ghetto-Kand mécht, mee mech och mësstrauesch géigeniwwer vu Citéë méscht. Virun allem verstinn ech bis elo net, wisou dat Wuert „Cité“ benotzt gëtt, wat jo iwwerhaapt net passt.

Op alle Fall ass den Bus also duerch déi Cité oder dat Wunngebitt gefuer an ech hunn mech gefrot, ob ech jee géif do ukommen, wou ech wéilt. Duerch e bëssi Gestrëpp hunn ech d’Coque blénke gesinn, mä se war esou immens wäit wech, datt ech geduecht hunn, ech géif se wahrscheinlech NI erreechen.

Iergendwann ass den Bus dunn kuerz aus dem Wunngebitt erausgefuer, fir kuerz virun enger Bank stoen ze bleiwen. Et ass eng däitsch Bank, an virdru stoung eng Skulptur vun engem Banker, den dënn wéi en Strich ass. Dat passt jo iergendwéi. Ech weess net genee firwat, mee iergendwou passt et, datt Banker ëmmer méi dënn ginn an ganz verschwannen.
Ahhhhh… villäicht ass dat jo wéinst der Finanzkrise?
Villäicht ass et, well gewëss Leit d’Börse mat engem gigantesche Casino verwiesselt hunn an een seng Suen genausou hätt kéinten aus der Fënster werfen an ruffen „Ech well se net, ech well se net, se sinn vergëft!“, amplaz se enger Bank ze ginn?

Angscht a Schrecke ware grouss. Wat sollt ech elo maachen? Weider duerch eng Cité fueren an mech vu SUV an idyllesche Virgärt terroriséiere loossen? Oder soll ech aus erausklammen an probéiere mat vill Gléck onbeschued duerch d’Bankeveirel ze kommen? Ech hunn mer geduecht: Sou schlecht drun, dat se Mënz aus der Fënster werfen, sinn mer nach net! An ech sinn, wéi eis däitsch Kollege géife soen „todesmutig“ aus dem Bus gesprongen.

Ech war alleng am Bankevéirel um Kierchbierg. Angscht a Schrecken hate mech. Dat eenzegt, wat elo nach bliwwen ass, war d’Flucht no vir an de Kino …