Angscht a Schrecken op enger grousser Demonstratioun, am Wahlkampf an am Examen

Wéi déi meescht vu mengen Nolauschterer wahrscheinlech wëssen, haassen ech Optragsarbeschten. Wat natierlech awer kaum een dovunner ofhällt, trotzdem no Episoden zu engem bestëmmten Thema ze froen.
Déi meescht Nolauschterer hunn wahrscheinlech och bemierkt, dat et elo iwwer eng länger Zäit keng nei Episode vun hirem/hirer Lieblings- gonzojournalistesche Podcast respektiv Radioserie ginn ass. Wat ganz einfach dorunner geleeën huet, dat ech Examen hat. Wat zwar en formidabele Lieferant fir Angscht, Schrecken, Terror a Grauen ass, engem awer net wierklech d’Zäit léisst, dat alles uerdentlech ze veraarbechten. Ech war jo frou, wann ech Zäit hat, mech ze duschen.


Wou also ufänken? Villäicht beim 16. Mee. De Wahlkampf hat grad ugefaangen, den Exame war nach wäit genuch wech an et war en wonnerschéinen, sonnegen Daach, ob dem een gären e Béier oder eng Glace mat Kollege genoss an d’Welt d’Welt si gelooss hätt. Mä dem sollt net esou sinn. Klassekampf war ugesot.

D’Gewerkschaften haten opgeruff, de Sozialstaat ze retten an d’Krise, hier Auswierkungen a Verursaacher ze verurdeelen. Do hunn ech natierlech net dierfe fehlen. Éischtens, well bei esou Aktioune meeschtens häerzlech wéineg Gonzojournalisten dobäi sinn an zweetens wellee jo ëmmer hoffe kann, dat et zu enger oppener Revolutioun, ungeféiert vu militante Stolaarbechter an Eisebunner, kennt.

Ech hunn mech also bei „jonke Block“ gesellt an hunn probéiert, all deene Leit, déi komm sinn, fir hier Meenung auszedrécken, eng Aussoen ze entlackelen. Iergendwéi ass et schonns e bësse komesch, wann Demonstranten a be mol näischt méi ze soe wëssen.

D’Demonstratioun huet awer virun allem eppes gewisen: D’Stad Lëtzebuerg ass vill ze vill kleng fir esou grouss Demonstratiounen. Déi eng Gewerkschaft war schon bei der gellener Fra ukomm, do waren déi aner nach net emol bei der Gare fortgetreppelt. Mäin Blockvu ronn 100 Jonken an soss Anarchiste stoung virun der Postgewerkschaft an hannert der ALEBA. Ech hunn mech gefrot, wéi een sech muss fillen, wann ee fir seng Aarbechtsplaz op enger Bank demonstréiere geet an hannert engem d’Leit dauernd „A, Anti, Anticapitalista“ ruffen.

Angscht a Schrecke sinn bei mir awer éischter opkommen, wéi ech matkritt hunn, dat verschidde Gewerkschafte Leit schwätze gelooss hunn, déi op enger Wahllescht stoungen. Vu Parteien, géint deren hier Politik demonstréiert gouf. Iergendwéi hunn ech dat net ganz verstanen. Mee ech wosst: Angscht aSchrecke ware ni wäit. Net op dëser Demo, net am Walkampf an och soss néierens.

A Propos Wahlkampf. Esou eppes langweileges ass et jo scho laang net méi ginn. Dat eenzegt spannend war d’Fro, op net iergendwann iergendeen géif en Accident bauen, well esou vun enger photoshop-optiméierter Hackfress op engem Plakat irritéiert wier, dat en net méi riicht foure kéint.

Iwwerhaapt, déi Wahlplakater. Soss gouf et jo op mannst ëmmer eng Partei, déi origineller gemaachh huet, mä dat originellst, wat ech dëst Joer gesinn hunn, war de Karl Marx, den duerchh d’Dir vun der Krise erankennt an seet „Moien, ech sinn erëm do“
Den imagniäre Proletarierspillschoulskannerchouer an mengem Kapp huet dann ëmmer gefrot:
„Wou waars de dann, Monni Marx?“
Wahrscheinlechh am Letzebuergecours. Den Sondage no géif et jo zu engem kräftege brong-ruck kommen an d’Richtung vun der Partei mat deenen dommste Gesiichter op deene greißten Wahlplakater an deenen idioteschsten Ideeën, déi op de Wahlkampf awer op mannst e bëssi opgehellt hunn. Alleng déi Idee, fir eng Zuchstreck 80 Meter ënnert dem Aldringer wëllen ze bauen ass esou eppes vun hirnverbrannt, dat een déi Partei, déi domadder komm wier, a normalen Zäiten ausgelaacht hätt. Mee dës Kéier net. Dës Kéier war jo Krise. An domadder hate mir richteg Problemer, mat deene mir eis hu misse beschäftegen. Leider haten d’Parteien esou zimlech all déi selwecht Léisung op den Problem. Dofir huet sech dann de Großimperator an den Typsche vun der Partei mam trauregen Hond iwwert eng Stonn laang iwwer Semantik ennerhaalen. Se hätten am Fong och kéinten d’Generalversammlung vum Philatelistenclub weisen, dat wier wahrscheinlechh méi opreegend gewiescht.

An trotzdem sinn Angscht a Schrecke bei mir opkomm. Zum mengem „Gleck“ hat ech awer Examen, also net all ze vill Zäit, duerch Strossen ze goen an mech mat schlechte Bicer oder soss komesche Gadgets traktéieren ze loossen. Ech froe mech och, ob esou en Bic schon jee eng Kéier eng Wahl beaflosst huet. Vilaischt, wann de Bläistëft an der Kabinn verschwonne war.

Den Examen. Angscht a Schrecke sinn am Fong schon virprogramméiert, well et huet een am Fong nach ni eppes guddes iwwert Examenszäit héieren. Stress, Moschwieren, Panikattacken, Alpdreem bis an den heigen Alter eran.
An wann een all Daach esou eng Horrorgeschicht erzielt kritt, geet een och richteg entspaant an d’Examenszäit eran an freet sech dorobber.

Et gett een zu enger Aart welleloser Maschinn. Léieren, Iessen, Léieren, Iessen, Schlofen an dann erëm vu fir un. Och déi Examen, déiee schreift, bréngen net mat sech, dat een sech besser fillt, well dat schlëmmst ëmmer nach virun engem ass, een ëmmer méi léieren, léieren,léiere muss an een dann no dem Examen, vir deen ee grad léiert, erëm en huet, fir deen en léieren, léieren, léieren, léiere muss. Wann een dat e puer Woche gemaachh huet, wonnert een sech och iwwert den heige Sauerstoffgehalt an der Loft, wann een sech dann traut, eraus ze goen.

Ech hat dann awer och prakteschen Examen. Schrëftlech, dat ass normalerweis ganz gutt gaangen. Et souz ee fein do a konnt Iessen an Drénken, esouvill ee wollt an huet sech da mat e puer méi oder manner interessante Froen ausernee gesat. Ausserdeem ass een duerchh de permanente Konsum vun Drauwenzocker immens euphoriséiert.

Mä dann de prakteschen Examen. Virdeischt ass een duerch d’hallef Land gefouert ginn, just fir mussen iergendwou am Oste vum Land ënnert dem Virdaach vun enger Barack, déi fréier wahrscheinlechh mol eng Kéier eng Schoul war, ze waarden. Do sinn dann all méiglechh Faktoren duerchdiskutéiert ginn, ouni dat een zu engem Ergebnis komm ass.

Iergendwann ass d’Camionnette mech dunn och siche komm. Ech hunn mech bëssi gefillt wéi wann ech géif vu Canossa op Golgota goen.
D’Camionnette ass genee dräi Stroosse weider gefuer. Angscht a Schrecke sinn opkomm. Wat hu mir bei dem Haus gemaach? Wat sollt elo do ob eis duerkommen? Ech hunn mir schon déi wellste Szenarioen ausgemoolt.

Ech krut dunn mäin Aufgabeblaat, war erliichtert an hunn mech missen an en komesche Raum setzen, wou ee Mann Vulledreck gekiert huet. Den ass dunn verschwonnen an ech hunn mir déi wichtegst Stechwierder opgeschriwwen. E puer Minutten drop ass eng Fra erankomm an huet mech gefrot: „Bass du beim Rom an der Klass?“
Ech hu kee Matschüler, dee Rom heescht. Awer en Proff.

Angscht a Schrecken hate mech. Wat war dat fir eng absurd Situatioun, an enger Partyscheier vun den Eltere vu mengem Proff mäin Exame virzebereeden, während dobausse Wahlkampf war an domm Gesiichter nach méi domm Ideeë verbreet hunn? Wat war dat fir eng Welt, wou dauernd iergendeen „KRISE“ jäizt, awer kee weess, wat en dogéint sollt maachen? An virun allem: War ech beim Rom an der Klass?

Dat eenzegt, wat elo nach gehollef huet, war d’Flucht no vir. An d’Demonstratioun, an d’Walkabinn, an den Examen.

One thought on “Angscht a Schrecken op enger grousser Demonstratioun, am Wahlkampf an am Examen

  1. Genial, hun nees gud gelacht! Oh wat huet den A&S mer an de läschten Wochen gefehlt!!! Dat allerbescht as: en Kolleg vun mer as mat sengem Auto tatsächlech hei ennen an der Kéier an en Plakat vun der LSAP gerannt ;)

Comments are closed.