Angscht a Schrecken an de Bierger

Et huet jo missen esou wäit kommen.
Fir mech waren d’Bierger ëmmer déi aner. Also, ech mengen domadder net de Bierger an d’Biergerin als wahlberechtegt Awunnerinnen an Awunner vun engem Land, mä déi geologesch Formatiounen aus Fiels an Steen, déi a verschiddene Länner grouss Deeler vun der Landschaft forméieren. Lo ass et esou, dat et zu Lëtzebuerg net wierklech esou eppes wéi Bierger gëtt. „Ma dach“, ruffen opmierksam Nolauschterer an Nolauschterinnen, „d’ Eisleck ass dach een sougenannt „Mittelgebirge“, hunn mir an der Geografie geléiert!“.
Zielt dat emol an Éisterräich. Mittelgebirge. Da laachen d’Leit iech aus an dir musst hinnen e Patt bezuelen, dat se ophale mat laachen. An da gitt dir aarm an traureg heem an frot iech, wéi héich da richteg Bierger si mussen, wann d’Eislécker Koppen net dozou zielen.


Iergendwann souz ech an enger Virliesung, wou eng Dozentin dovunner geschwat huet, wéi si mat enger Grupp op eng Alm fir wëssenschaftlech Forschung gefuer ass. Déi Forschung huet anscheinend doranner bestanen, op der Alm ze setzen an opzeschreiwen, wat fir Gefiller si dobäi haten. Ech muss net erwähnen, dat et op menger Uni op mannst e puer Instituter ginn, an deenen zimlech vill Hippië setzen. An während ech mech gefrot hunn, ob dat Gerücht, dat den Hanf, den am Gaart vun der Uni géif stoen, wierklech just Industriehanf wier, net dach nëmmen ee Gerücht wier, huet d’Fra ugefaange vun hire Gefiller ze schwätzen, déi si op der Alm hat. D’Alm wier wéi eng Mamm. Et géif een sech gebuerge fillen. An soss lauter positiv Saachen.
Nieft mir souz ee Meedchen aus Norddäitschland. Ech hunn hat gekuckt an hat huet mech gekuckt. An anscheinend hu mir allen zwee genee d’selwescht ongleeweg an irritéiert gekuckt.

Mir hunn allenzwee festgestallt, dat mir Bierger net esou wéi eng Mamm fannen. Bierger sinn geféierlech, aus Steen, mat Äis an Schnéi drop. Bierger sinn Lawinen. Oder Muren. Oder Gerölllawinnen. Wann een op ee Bierg klemmt, geet et engem wéi den Leit an Herr der Ringe. An wann een duerch e Bierg wëll goen, geet et engem och wéi de Leit an Herr der Ringe. Et schéngt, wéi wann am Tolkien senge Wierker Bierger e Codewuert fir „Angscht a Schrecken“ gewiescht wieren.
Bierger si schéi vu wäitem, mä wisou ëm alles an der Welt sollt ee wëllen do eropklammen an iwwert seng Gefiller schreiwen?

Sonndes Moies Ufank Februar. Ech schleefe mech duerch de Wienerwald. Domadder mengen ech net déi komesch Restaurant-Ketten, mä de wierkleche Bësch rondrëm Wien. Ech fille mech wéi wann ech op der Flucht wier, well déi Leit mat deenen ech ënnerwee sinn zimlech séier ginn, scho bal lafen. Ech kucken heiansdo hannert mech, fir mech ze vergewësseren, dat weder Nazien, Nazgul oder Drogeverreckter hannert eis sinn. Och den Toni, de Rastamann, d’Elfemeedschen (cf. Episod 70) sinn hannert mir hir. Also, metaphoresch sinn déi dräi Gestalten natierlech ëmmer hannert mir hir, mä an dësem Moment, an dem ech duerch de Bësch hetzen, sinn si net hannert mir.

Iergendwann si mir op enger Wiss ukomm, op der een Restaurant-Café stoung. Ech hu gehofft, mir géife lo op mannst 2 Liter Waasser drénken an dann erëm lues erof treppelen. Falsch gehofft. Nieft dem Restaurant-Café stoung e Schëld, op dem „Hermannskogel“ stoung. Den Hermannskogel ass den héchste Bierg um Wiener Staatgebidd.

Mir sinn also iwwert déi komesch Wiss gelaf. Déi méi eng Mëschung aus Waasser, Bulli an e bëssi Gras war wéi eng richteg Wiss. Iergendwann louch erëm Schnéi. Dat huet also missen d’Schnéigrenz sinn. Ah, endlech e Begrëff aus dem Geographieuntericht, deen ech konnt am richtege Liewe verwennen!
Dunn ass et richteg géi erop gaangen. Ech sinn ëmmer erëm den Hiwwel erof gerutscht, well ech mech duerch den Schnéi-Aismatsch, deen trotz Temperature vun iwwer 10° Celsius nach ëmmer do louch, net wierklech eropkämpfe konnt.

Ech hunn net d’Kraaft, déi dramatesch Szenen, déi sech an deene Minutten duerno ofgespillt hunn, ze beschreiwen. Dofir bieden ech iech, iech Szenen aus Filmer iwwer extrem Biergsteiger am Himalaya virzestellen. Also, déi Szenen wou iergendeppes fuerchtbar schif geet, Leit bal eroffalen an stonnelaang iwwer vertikal Äiswänn kloteren. Ongeféier genee esou huet sech dat ofgespillt.

Endlech uewen. Uewe stoung en klengen Tuerm am Stil vun enger mëttelalterlecher Buerg. Den Tuerm war voll mat iergendwellechen Antennen, Empfängeren, Senderen an soss techneschem Schnickschnack. Dat huet net nëmmen e bëssi komesch ausgesinn. Op engem Bam houng eng kleng rout Këscht. Déi huet ausgesi wéi wann een domadder kéint d’Pompjeeë ruffen. Et war allerdéngs kee Féiermelder, mä ee Stempelkessen an een Stempel.

Biergsteiger an Biergsteigerinne sinn anscheinend e bëssi esou wéi Kanner, déi Pokémonskaarten sammelen. Et kritt een een Album an ka Stempelen dra maachen. Well mir keen Album haten, krut ech e Stempel op d’Hand. Wéi op engem schlechte Bal.

Mir waren op 542 Meter. Fennefhonnertzweeavéiereg. Ech weess net, ob ech a mengem Liewe scho mol esou héich iergendwou erop gelaf war. Den héchste Punkt vu Lëtzebuerg ass op 560 Meter iwwer Normal-Null. Normal-Null fir Lëtzebuerg ass zu Amsterdam. An Éisterräich gëtt d’Héicht an Meter iwwert der Adria gemooss. Wat 25 bis 34 cm méi héich wéi den Amsterdamer Normalnull ass.

Angscht a Schrecken hate mech. Wisou hunn ech mech den ganze Wee op de Bierg eropgeschleeft? Ware mir iere wierklech op der Flucht? War den Toni hannert mir? Wisou de Nullpunkt vun der Adria huelen? A virun allem: Wat sollt de komesche Stempel?

Dat eenzegt, wat elo nach gehollef huet, war d’Flucht. E laange, laange Wee de Bierg erof.