Angscht a Schrecken am Disneyland

An ech hat gemengt, ech kéint lo all Woch iwwert een anert Thema hierzéien. Natierlech ass d’Bomm dunn leschten Dënschden-Owend geplatzt. Déi zweet Well vun den #luxleaks-Dokumenter ass verëffentlecht ginn. An endlech ass dat, wat ech mir all déi Joeren ëmmer scho geduecht hunn, offiziell ginn: Mir wunnen am Disneyland.


Disney bezilt duerch een geschéckte Konstrukt vun firmeninterne Banken, Holding-Firmen an wierklech bëllege Bréifkëschtenschëldercher just nach knapps 0,25% Stéieren. NULL KOMMA FËNNEFANZWANZEG PROZENT. Ënnert deene Firmen, déi vun de Rullings zu Lëtzebuerg profitéieren, sinn och d’Koch Industries, déi an den USA bekannt dofir sinn, déi ultra-konservativ „Tea Party“ finanziell oder och sougenannt „Klimaskeptiker*innen“ ze ënnerstëtzen. De Wahlkampf vun der republikanescher Partei an de Kampf géint de Kampf géint de Klimawandel finanzéiert Lëtzebuerg also indirekt mat. Dat ass dach ee wonnerschéint Geschäftsmodell.

D’Rullings kenne keng Ethik, si hu keng moralesch Dimensioun an esou géif et mech och net wonneren, wann och Waffeproduzente vum Steierparadäis Lëtzebuerg géife profitéieren. Vläit och déi eng oder aner Firma, déi Atomkraaftwierker bedreift, Kuel ofbaut, mat Bluttgold handelt oder hier Employéë wéi Dreck behandelt. Ah wärt, bei dem leschte muss ee guer net sichen, do ass nämlech Amazon ee gutt Beispill. Esou laang d’Arbecht do net just vu Roboteren an Drohne gemaach gëtt, esou laang wäerten d’Konditioune mënschenonwierdeg sinn. Amazon sicht sech nämlech net nëmme flott Staaten mat guddem Kachkéis fir seng Haaptsëtzer, mä sougenannt „strukturschwach“ Regioune fir seng Logistikzentren. Dat si Géigenden, wou d’Arbeschtlosegkeet ganz héich ass, zum Beispill a gewësse Regioune vun Ostdäitschland. Vill verzweiwelt Leit op der Sich no enger Arbecht heescht eben och vill Leit, déi Amazon ausbeute kann.

An da kritt ee vum Membere vun der grénger Partei, déi jo ëmmerhin Deel vun der Regierungskoalitioun ass, gesot, et sollt een Amazon boykottéieren. Fir ee fairt Fest. Mat Fest ass Chrëschtdag gemengt a mat „fair“ d’Idee, dat alles gutt gëtt, wann mir just all e bësse besser konsuméieren. Näischt géint d’Idee vu fairtrade a bio, dat sinn u sech gutt Konzepter, mä se maachen de Kapitalismus ebe just e bëssi besser, wat am Kloertext heescht: de Gros vun der Mënschheet steet ëmmer nach bis zum Hals am Schissi. An wat fir ee Signal senden ech dann als Konsument un amazon? Amazon denkt sech net „Oh, d’Leit kaafen net bei eis, well mir esou béis sinn an eis Stéieren net bezuelen“, mä Amazon denkt sech „Oh, d’Leit kafen net bei eis, mir musse méi bëlleg ginn.“ Mä Amazon well kee Verloscht maachen. Also denkt sech Amazon mat Hëllef vun de big four nach besser a nach méi komplizéiert Modeller aus, fir nach manner Stéiere bezuelen ze mussen. Oder bezilt se Leit a senge Logistikzentren nach manner Suen dofir, datt se de ganzen Dag eis Kaddoen hin an hier schleefen.

Mä wann ee wierklech un d’Muecht vun de Konsument*inne gleeft, dann hätt ech ee Virschlag un eis Regierung: kënnegt bei ärem Webhoster. De wonnerbare Site vun eiser Regierung läit nämlech op de Servere vu … amazon. Alternativ kéint een déi ganz Geschicht mat de Rullinge jo och einfach ophalen. Mä duerno gesäit et net aus. De Finanzministère huet en Mëttwoch erziele gelooss, déi zweet Well vun luxleaks wier näischt neies, d’Dokumenter wieren op dubios Manéier an d’Hänn vun de Medie komm. Dat war deemools sécher och dem Richard Nixon seng éischt Reaktioun. Mä op mannst seet kee méi, datt 0,25% Stéiere genee esou zum lëtzebuergesche Patrimoine gehéiere wéi Kachkéis a Bouneschlupp.

Elo wier et un der internationaler Gemeinschaft, fir Reegelen opzestellen. Genee wéi eis Kolleg*inne vun déi Gréng bei Amazon probéiert eis Regierung hei erem, hier Verantwortung ze externaliséieren. Nach méi witzeg ass d’CSV. De Laurent Mosar, den Ex-Präsi vun der Chamber huet op enger Pressekonferenz vun der CSV-Chambersfraktioun gesot: „Wat viru 5 oder 10 Joer richteg war, muss et haut net méi sinn“. Haut si jo och aner Leit an der Regierung, an déi muss een ugräifen.

Mir hale fest: Et war net illegal, déi aner maan et och, kaaft net bei Amazon an iwwerhaapt sinn déi aner Schold a solle lo mol eppes änneren. D’Regierung vum frësche Wand huet eng al lëtzebuergesch Sporttraditioun erëm entdeckt: D’Defensivspillen, während een ee Goal nom anere geschoss kritt.

Hale mir mat enger gudder Noriicht op: 1500 Proffe sinn aus den Examenskommissioune fir d’Première demissionéiert.

Eng weider gutt Idee kënnt vun e puer Student*innen, déi sech geduecht hunn, se géifen de Spiiss mat Disney ëmdréinen: Wann Disney Gesetzeslücken ausnotzt, da kënne mir dat och maan. Si ruffen also dozou op, d’Gesetzeslück vun der Videopiraterie am Disneyland auszenotzen an zu Lëtzebuerg Disneyfilmer erofzelueden an déi dann am Ausland senge Kolleg*innen ze weisen. Ech recommandéieren zu deenen Zwecker déi wonnerbar Disney-Animatiounsserie „Gravity Falls“. Déi ass nämlech bal esou grujeleg wéi d’lëtzebuerger Realitéit.

Angscht a Schrecken am Disneyland

An ech hat gemengt, ech kéint lo all Woch iwwert een anert Thema hierzéien. Natierlech ass d’Bomm dunn leschten Dënschden-Owend geplatzt. Déi zweet Well vun den #luxleaks-Dokumenter ass verëffentlecht ginn. An endlech ass dat, wat ech mir all déi Joeren ëmmer scho geduecht hunn, offiziell ginn: Mir wunnen am Disneyland.


mp3 download

(more…)