Angscht a Schrecken am Staatsrot

Widme mir eis haut enger Institutioun vun eiser Demokratie, vun där keen esou richteg weess, woufir se gutt ass: de Staatsrot. De Staatsrot kuckt sech d’Gesetzer, déi Chamber gestëmmt huet, nach eng Kéier un a verbessert Feeler. Do geet et awer lo net ëm Grammaire an Orthografie, mä virun allem dorëm, datt d’Gesetzer konform mat der Verfassung an internationalen Träiteté sinn.


Apropos Verfassung: an där ass virgeschriwwen, datt all Gesetz zweemol vun der Chamber muss gestëmmt ginn, mat engem Ofstand vun dräi Méint. Normalerweis freet d’Chamber eng Dispense beim Staatsrot un, deen dann zu dëser Dispense jo oder nee ka soen. Normalerweis geschitt dat dann och, mä net ëmmer. Zum Beispill 1997 beim Gesetz iwwert de Bau vum MUDAM.

Ween am Staatsrot setzt huet eng ganz speziell Logik. Vir zu deenen 20 Auserwielten ze gehéiere muss ee Lëtzebuerger*in an iwwer 30 Joer al sinn. Op mannst 11 Membere vum Staatsrot mussen Droit studéiert hunn. Déi Reegele gëllen net fir den Ierfgroussherzog, dee ka Member ginn esoubal en den Titel Ierfgroussherzog krut. Et däerf ee maximal 15 Joer – am Stéck oder zesummegerechent – am Staatsrot setzen, duerno muss een trëppelen. Mat 70 gëtt een ausserdeem och direkt an d’Pensioun geschéckt.

Witzeg ass och déi onheemlech demokratesch Aart a Weis, wéi d’Membere vun eiser zweeter Kummer ernannt ginn: Ofwiesselnd däerfen de Grand-Duc, de Staatsrot an dann d’Chamber eng Persoun virschloen. An der Reegel gëtt et ee Gentlemen’s Agreement, datt d’Parteien an der Chamber der Réi no eng Persoun bestëmme kënnen, egal wat fir eng Institutioun grad un der Réi ass. Dem Grand-Duc seng Famill ass vun deene Regelen ausgeschloss, hien dierft also seng ganz Sippschaft ernennen, wann dat him grad an de Krom passt. Iwwerhaapt huet eise Monarch prinzipiell d’Recht, de Staatsrot esou ze besetzen oder och opzeléise wéi hie Loscht huet. Dir mierkt wéi glécklech mir alleguerten si kennen, dat mir an enger Demokratie liewen. Oder wéi glécklech mir alleguerten si kennen, datt de Grand-Duc déi meeschten Zäit vum Joer domadder verbréngt, seng Chréschtdaagsried ze schreiwen, Hänn ze rëselen oder Bännercher duerchschneiden.

Et gouf scho vill Kritik um Staatsrot, besonnesch wéint der Aart a Weis, wéi ee bescheckt gëtt: dat ass am Fong immens vill Gemauschels a representéiert net onbedéngt ëmmer d’Kräfteverhältnis an der Chamber. Am Géigesaz zu Länner mat enger richteger zweeter Kummer ass den demokrateschen Afloss vun de Wieler*innen op d’Zesummesetzung vun der Chamber dach enorm kleng oder indirekt-indirekt. An federale Staaten wéi zum Beispill Däitschland oder Éisterräich vertrëtt déi zweet Kummer dacks déi verschidde regional Entitéiten, also „d’Bundeslänner“. An den USA ginn d’Sentators esouguer direkt am Bundesstaat gewielt. Méi Transparenz a virun allem kloer Reegelen, wéi den Staatsrot sollt gewielt ginn, hunn zum Beispill 2011 déi gréng gefuerdert. Vir hirer Fuerderung Gewiicht ze ginn, hunn si esouguer d’Domäin staatsrot.lu kaaft an ee Fake-Site opgesat, wou se de Staatsrot mat engem Casino, an dem et bal just schwaarz a roud Jetone géif ginn, verglach hunn.

Wann een haut op staatsrot.lu geet, kënnt een op den offizielle Site vum Staatsrot. Dat ass wuel de Präis, wann een an d’Regierung geet: et däerf een da keng Kritik un den offiziellen Institutioune méi hunn.

De Staatsrot soll elo dann och reforméiert ginn. Wéi d’Wort melt, sinn do awer keng radikal Reformen ze erwaarden. De Staatsrot wier eng onpolitesch Organisatioun an dat wier och gutt esou, esou den elo-net-aktuelle President Victor Gillen. Dofir setze jo och esou onpolitesch Leit wéi de Lucien Lux oder de Marc Schaefer, Buergermeeschter vun der Stad Vianden an Virstand vun der LSAP Norden am Staatsrot. An natierlech kann de Staatsrot – ganz onpolitesch – Gesetzprojete bremsen, déi hire Memberen net passen.

Weder d’Prozedur fir d’Memberen ze bestëmmen, nach d’Transparenz vun de Sëtzungen oder Protokoller soll geännert ginn. Angscht a Schrecken kommen op, wann een déi tatsächlech Reform vum Staatsrot mat der Lupp muss sichen.

Ech hätt jo eng Idee: Amplaz vun deene 4 offensichtleche Froen, déi an engem Referendum zu der néier Verfassung ofgeseent sollte ginn, kéint een iwwer tatsächlech Froe schwätzen. Zum Beispill doriwwer, wat fir eng Roll de Staatsrot huet. Wat fir eng en hunn soll. Brauch Lëtzebuerg eng zweet Kummer? Kann déi aktuell angeblech onpolitesch Aufgab net och vun 20 Jurist*innen am Chamberbureau iwwerholl ginn?

Et ass jo schonn absurd: Do trëtt eng Regierung un, fir alles anescht ze maachen, schreift sech grouss Discours op de Fändel a mécht dann alles d’selwecht schlecht wéi hir Virgänger*innen.

Do wier d’Chance do, fir iwwert Grondlage vun eiser Demokratie ze schwätzen a mir stëmmen iwwert 4 Mini-Froen of, ouni iwwert de Recht och nëmmen nozedenken.

Bei all deene verdoene Méiglechkeeten an ewechgeworfen Opportunitéite kann ee jo richteg traureg ginn. Dofir nach eng läscht Meldung, déi méi positiv ass:
Et muss een sech elo net méi vum Dokter ënnersiche goen, iert een sech bestueden däerf. Domadder hält de Staat dann och op, esou ze maachen, wéi wann et beim Bestietnis ëm Kannerkréie géif goen. E bëssi méi Éierlechkeet mat sech selwer wier och an anere Politikberäicher ubruecht …