Angscht a Schrecke mam Charlie

Méi ee schrecklecht Thema fir aus der Wanterpaus ze kommen hätt een sech bal net virstelle kënnen. Nom islamisteschen Terror a Frankräich fehle mir zum gréissten Deel d’Wierder, an iwwert een anert Thema ze schwätze schéngt mir net méiglech. Also muss ech e puer Saache soen, och wann se vläit net an dat Weltbild, dat sech zanter dem Attentat op Charlie Hebdo duerchgesat huet, passen.

Direkt no der schrecklecher Nouvelle huet sech eng Solidariséierungwell breet gemaach, ënnert dem Motto „je suis Charlie“. Net nëmmen Zeitungsredaktiounen hunn Ziedelen an d’Kamera gehal, och ganz vill Profilbiller si gewiesselt ginn. Vill Stëmme sinn haart ginn, datt dat Attentat een Ugrëff op d’Meenungsfräiheet gewiescht wier an een sech dat net dierft bidde loossen.

Ech profitéieren da mol vu menger Meenungsfräiheet a soen: Je ne suis pas Charlie. Net, well ech fannen, datt Leit fir hir Meenung erschoss sollte ginn. Net, well ech iergendeppes guddes um Doud vu Satiriker*innen, Journalist*innen, Polizist*innen an Judde fanne kéint. Ech sinn net Charlie, well dee Saz – op mannst esou wéi ech en versti – eng bedengungslos Solidaritéit duerstellt. Zesumme mat jesuischarlie si vill vun de Karikaturen aus dem Charlie Hebdo verbreed ginn, bei deenen ech mir geduecht hunn: Jo, Satire däerf alles, mä muss se dann?

Et geet mir net dorëms, datt ee Prophet gezeechent gëtt, mä éischter ëm déi Aart a Weis, wéi Charlie Hebdo mat Moslemen ëmgaangen ass. Déi Karikature sinn an enger Traditioun vun enger rassistescher Duerstellung vum „Friemen“ ze gesinn. Natierlech kann een do als wäissen, opgekläerten, atheisteschen Europäer driwwer laachen, iwwert déi „domm“ Leit mat hirer komescher Relioun, déi och nach alleguerten d’selwecht ausgesinn. Et mécht a mengen Aen ee groussen Ënnerscheed, ob Satire „no uewen“ oder „no ënnen“ trëppelt. Ech hat bei ville Karikature vu Charlie Hebdo d’Gefill, se géifen no ënnen trëppelen a rassistesch Ressentimenter verstäerken. Ech hunn de Magazin awer ni gelies, dofir kann ech net de ganze Contenu beuerteele – a dat well och guer net. Charlie Hebdo huet vill valid a wichteg Punkten, grad géint déi Extrem-Riets, gemaach, mä dat huet keen Afloss dorobber, op hir Karikature vun de Betraffene – an dat sinn déi eenzeg deenen ech eng Defitiounsmuecht doriwwer well gi – als rassistesch betruecht ginn. Ech muss awer och guer net Charlie sinn, fir den Terror schlëmm ze fannen.

An genee esou wéi ech net Charlie si muss, esou muss ech elo net déi Saache mat verbreeden, déi schonn ugefaangen hunn: een anti-islamesche Backlash an eng nei Diskussioun iwwer Sécherheetsmesuren. Mat Sécherheetsmesuren ass natierlech méi Iwwerwaachung gemengt, déi zwar ganz seelen Terrorismus stoppt, mä dofir awer fir vill aner Zwecker ka benotzt ginn. Wann elo eng weider Oplag vun der Vorratsdatenspeicherung sollt kommen, wann elo nach méi Kameraen opgehaange solle ginn, wann elo nach méi Iwwerwaachung soll komm, ass dat nämlech den tatsächlechen Ugrëff op „eis Fräiheet“ a „eis Meenungsfräiheet“. D’Fräiheet vun deenen aneren interesséiert eis net, fir Blogger a Saudi-Arabien oder Kënschtler a China wiesselt kaum ee säi Profilbild. An fir déi Doudeg vu Lampedusa geet och kaum een op d’Strooss. Eng grouss staatlech organiséiert Manif fir d’Affer vum „nationalsozialisteschen Untergrund“ huet och nach net stattfonnt. Vläit, well se déi falsch Hautfaarf, Sprooch, Relioun hunn?

A wann elo vu Mosleme verlaangt gëtt, datt se erkläre mussen, op hir Relioun per se terroristesch ass an se sech vun deenen Doten distanzéiere muss, dann ass dat och een Ugrëff op eis wonnerbar westlech Wäerter. Dozou gehéiert nämlech och Reliounsfräiheet. Reliounsfräiheet heescht och, datt ee Relioun un sech a Relioune kritiséieren dierfe muss.
Vill vun eis kënnen sech mat den Doudege vu Charlie Hebdo identifizéieren, besser wéi mat muslimesche Polizisten. Dat ass engersäits nëmmen normal, mä d’Äntwert op Terrorismus kann net sinn, weider stereotyp Karikaturen ze verbreeden an sech ze fillen, wéi wann d’Meenungsfräiheet domadder virun de „Barbaren aus dem Morgenland“ verdeedegt gi wier. Terrorismus ass ni monokausal, mä entsteet ëmmer op engem Substrat vu gesellschaftlecher Ausgrenzung, economeschen, perséinlechen an ideologesche Kritären. D’Äntwert op Terrorismus kann an däerf net méi Ausgrenzung, méi Iwwerwaachung a méi Generelverdacht sinn. D’Äntwert op Terrorismus ka just méi Oppenheet, méi Demokratie an ee besseren Ëmgang matenee sinn.
Meenungsfräiheet ass een enorm wichtegt Recht, a grad dofir ass et wichteg, datt een sech iwwerleet, wat een domadder mécht. Nimools sollt dat sinn, well ee perséinlech Konsequenze fir seng Gesondheet fäerte muss, mä ëmmer well een sech de gesellschaftleche Konsequenze bewosst muss sinn.

2014 si 96 Journalist*innen, Medienarbeschter*innen a Blogger*inne wéinst hiren Aktivitéiten am journalistesche Beräich ëmkomm.
Wa mir dëser Deeg den Doudege vu Charlie Hebdo gedenken, da sollte mir och deene 96 Leit gedenken. Och, wa mir net ëmmer mat dem averstan waren, wat si geschriwwen hunn.

Angscht a Schrecke mam Charlie

Méi ee schrecklecht Thema fir aus der Wanterpaus ze kommen hätt een sech bal net virstelle kënnen. Nom islamisteschen Terror a Frankräich fehle mir zum gréissten Deel d’Wierder, an iwwert een anert Thema ze schwätze schéngt mir net méiglech. Also muss ech e puer Saache soen, och wann se vläit net an dat Weltbild, dat sech zanter dem Attentat op Charlie Hebdo duerchgesat huet, passen.


mp3 download
(more…)