Angscht a Schrecke mat Slutshaming

Slutshaming ass een englesche Begrëff, deen een mat „Schlampenschummen“ iwwersetze kéint. Gemengt ass déi gesellschaftlech Tendenz, Fraen, déi mat ville Partner_innen Sex hunn, sozial auszestoussen oder ze veruechten. Slutshaming riicht sech virun allem géint Fraen, well Männer, déi mat ville Frae Sex hunn, éischter als Helde geféiert ginn.

Da schwätze mir mol Kloertext: D‘Sexualmoral am 21. Joerhonnert ass eng zimlech komesch. Mir ginn eis zwar am allgemengen immens oppen, villes am ëffentleche Raum ass enorm sexualiséiert. Mä dat geschitt alles op eng komesch, pseudo-ironesch Manéier. Serieux an virun allem éierlech Diskussiounen iwwer Sex sinn seelen – op mannst am ëffentleche Raum. Mä et ass nach ëmmer sou, datt virun allem Fraen (an jidderee soss, de kee cis-Mann ass) ganz spezielle Kritären ënnerworf ass.

Kritären fir Slutshaming

Et gi scho mol reng äusserlech Kritären, wat an wéi vill eng Persoun undoe kann, ouni als „Schlampe“ ze gëllen. Déi Kritäre sinn deelweis een enorm schmuele Grad, deen zwëschen „sief net sou prüd“ an „do dech net un wéi eng Houer“ verleeft. Do muss eng Fra dann och guer kee Sex hunn, mä ebe just sexy ugedoe sinn, fir virgeworf ze kréien, se géif hire Kierper benotzen, fir sech ze verkafen, méi Chancen ze hunn, an sou weider. Männer kréien éischter seele virgeworf, se hätten hir Carrière duerch hir Kleedung oder esouguer sexuell Akte viru bruecht.

Déi aner Kritären, no deene slut-shaming bedriwwe gëtt, ass eben dat – dacks just imaginéiert – sexuellt Verhalen. Wann eng Fra sexuell aktiv ass, mat verschiddene Partner_innen schléift oder ebe just gären iwwer Sex schwätzt, gëtt se séier als „Houer“ oder eben „Schlampe“ gebrandmarkt. Eis Sexualmoral huet sech an deene leschte Joerzéngte verännert. Et ass hautdesdaags duerchaus akzeptabel, virum Bestietnis Sex ze hunn an et ass och kee Problem, noenee mat verschiddene Leit zesumme gewiescht ze sinn.

Ween gëtt beleidegt?

Mä eng Fra, déi vill „one night stands“ oder sougenannt „Freundschaft-Plus“-en huet, gëtt gesellschaftlech net sou akzeptéiert. Et ass also kloer, datt eis nach ëmmer patriarchal geprägte Gesellschaft de Frae ganz enk Reegele gëtt, an wann déi iwwerschratt ginn, ass déi Persoun da souzesoen „wertlos“ an kann ouni Problemer beleidegt ginn. Et gesäit een déi Tendenz och schonn, wann een sech spezifesch „Schimpfwörter“ fir Fraen a Männer ukuckt an zielt, wéi vill et der fir Frae ginn, déi eppes mat Sexualitéit ze dinn hunn. Bezeechnunge fir Männer, déi mat vill verschiddene Leit Sex hunn, sinn dach éischter positiv bis neutral. Wann negativ iwwer sou Männer geschwat gëtt, gëtt ironescherweis dacks vun enger „männlecher Schlampe“ geschwat.

Een interessant Beispill sinn och Bisexueller. Während mëttlerweil bei ville Leit ukommen ass, datt Lesben an Schwuler existéieren, sou ass Bisexualitéit ëmmer nach eppes, wourëms et vill Mythen a Legende ginn. Wa Bisexuellen net grad virgeworf gëtt, si wieren „just an enger Phase“, da ginn si als notoresch ontrei an sexuell gourmangzeg duergestallt. Ween Coca Cola an Pepsi Cola gläich gären huet, ka jo schliisslech déi ganzen Zäit just un Softdrinks denken an huet soss näischt an der Kopp.

Et geet hei awer net nëmmen ëm Beleidegungen. Slutshaming huet reell Auswierkungen. Zum Beispill kann sech dës Form vum Mobbing als psychesch Schied bei de Betraffenen auswierken, och nach Joeren duerno. Ausserdeem ginn et vill Fäll vu Vergewaltegungen, wou Slut-Shaming dozou féiert, datt dem Affer viru Geriicht net gegleeft gëtt, wéi een och am Fall Gina-Lisa Lohfink gesinn huet. Ween gäre Sex huet, ka jo am Fong guer näischt géint Sex hunn, wisou sollt een do also un eng Vergewaltegung gleewen? Den Denkfehler läit net nëmmen doranner, datt onfräiwëllege Verkéier ebe kee Sex, mä eng Vergewaltegung ass an datt och Persounen, déi vill a gäre Sex hunn een Recht dorobber hunn, „Nee“ ze soen, wéini se wëllen.

Et ass fucking 2016!

Hey, et ass 2016. Maacht wat der wëllt an mat weem der et wëllt – sou laang et konsensuell ofleeft, ass näischt schlechtes dorunner. Zum Gléck ginn et alternativ Bezéiungsmodeller wéi oppene Bezéiungen, polyamory, an sou weider ëmmer méi bekannt. An Bicher wéi „The ethical slut“ ginn et Tipps, wéi een zum Beispill mat Problemer wéi Jalousie an oppene Bezéiungen ëmgoe kann. Natierlech ass et wichteg, op safer sex opzepassen, wann een mat ville Leit Sex huet. An och op d‘Gefiller vun deenen anere Leit sollt een oppassen, well och an enger oppener Bezéiung muss een sech Reegelen ausmaachen an fir sech selwer definéieren, wat „trei sinn“ heescht.

Mä komm mir halen op, Fraen dofir ze veruerteelen, datt se gäre Sex hunn. Oder esouguer sou ze maachen, wéi wann dat eng Invitatioun fir iergendeppes wier. Well dat ass et net. Sou, an lo gitt fécken – egal ween, wéi vill oder a wéi enger Form – Haaptsaach Konsens!

photo cc-by Samantha Marx

Dir huet dës Episod gefall? Dann hëllef mat se ze verbreeden! Du kanns dës Buttons dofir benotzen: