Angscht a Schrecken mat der Jugendfeindlechkeet

D‘Jugendfeindlechkeet zu Lëtzebuerg ass zimlech grouss. Dat krute mir déi läscht Deeg erëm gewisen. Een Video wéisst een Polizist, deen Jugendlecher mat „Du Kallef“ uschwätzt an Këssen op se werft. Et muss een just hoffen, datt den Uniforméierten net mol bei enger Demo oder schlëmmer, enger Geiselnahm fir d‘Deseskalatioun verantwortlech wäert sinn. Dir denkt lo sécher: „Iwwerdreif net, do wier deen dach sécher anescht!“

An dat stëmmt. Et wier sécher eng aner Saach, wann deen Polizist enger erwuessener Persoun géigeniwwer géif stoen. Oder eng, déi en als Erwuessen gesäit. Mä wisou ass dat sou? Wisou mussen et Jugendlecher sech gefale loossen, vun enger Persoun an Uniform „Kallef“ genannt ze ginn? Wann een als Jugendlechen dat selwecht mécht, steet een ëmmerhin den Dag drop bei RTL a Co. op der Startsäit.

An och wann een d‘Kommentaren zu dem berühmt-berüchtegen Këssen-Kallef-Video liest, kann een sech just wonneren. Do verzielen da vill Leit vun hire Gewaltfantasien géint jonk Leit, an dat fréier jo alles ganz anescht gewiescht wier an „fréier hätten déi Jonk eng an d‘Schnëss kritt“. Léif, wéi soll ech soen, Léif bëssi méi al Leit: Datt dir an ärer Jugend mësshandelt gi sidd ass schlëmm. Mä weder sollt dir iech dat selwer schéin rieden, nach sollt dat eng Rechtfertegung fir weider Gewalt sinn.

Jugendfeindlechkeet bei der Police: Een Eenzelfall?

Mä et ass net wierklech een Eenzelfall, wat do geschitt ginn ass. An e puer Wochen stinn 4 Aktivist_innen virun Gericht, well se virun der Philharmonie mat Kräid op de Buedem gemoolt hunn. Dat klengt immens lächerlech, mä och dat ass een Fall vun der typescher Jugendfeindlechkeet, déi sech zu Lëtzebuerg ëmmer méi breet mécht. D‘Police war schliisslech mat net manner wéi fënnef Autoen op de Kierchbierg komm, fir e bëssi Kräid ze verhënneren. Dat op der Nuecht virun Nationalfeierdag, wou jo bekannterweis an der Stad guer keng lass ass. Och hei war den Ëmgangstoun mat deenen „Jonken“ (déi um Pabeier awer all Erwuesse sinn) erofloossend, frech an sou, datt sech keen Eescht geholl gespiert huet. Do verwonnert et och net, datt d‘Falschinformatiounen un d‘Press gaangen sinn an de politeschen Charakter vun der Aktioun am Policebulletin komplett ignoréiert gouf. Jugendlecher maache schliisslech einfach just „Bordell“ a nimools Konscht oder Politik.

Bei sou engem Emgang wonnert et och net, datt sech déi jonk Politiker*innen am sougenannten „Jugendparlament“ ganz dacks a Costume-Cravatte weisen – wahrscheinlech déi eenzeg Méiglechkeet, wéi een vun den „Erwuessenen“ sou eppes ähnleches wéi serieux geholl gëtt.

Ah, mä sinn déi puer Beispiller dann elo genuch, fir soen ze kennen, datt Lëtzebuerg jugendfeindlech ass? Ech erënneren un dëser Plaz da nach eng Kéier un de Referendum, bei dem sech iwwer 80 Prozent géint d‘Jugendwahlrecht ausgeschwat hunn. Wann een vun der Theorie ausgeet, datt et bei dem Referendum just dorëms gaange wier, der Regierung eng auszewëschen, dann hunn 6000 Leit méi entscheed, dat um Bockel vun de Jonken ze maachen, wéi et der um Bockel vun den Auslänner*innen maache wollten.

Ech hunn op dëser Plaz jo schonn mol iwwert den Generatiounekonflikt geschwat. Deemols hunn ech mech un d‘Generation X an d‘Babyboomer geriicht a gesot: Merci fir Näischt! Dat stëmmt och haut nach. Dir hätt gären eng ugepassten, „maach et wéi de Leit da geet dir wéi de Leit“-Jugend an de nächste Moment kräischt dir, se wier ze onpolitesch a géif sech just nach fir hir Handyen interesséieren.

„Merci fir näischt“ ass wierklech dat frëndlechst, wat mir nach afällt.

photo cc-by mari27454 (Marialba Italia)

Dir huet dës Episod gefall? Dann hëllef mat se ze verbreeden! Du kanns dës Buttons dofir benotzen: