Angscht a Schrecke mam Noutstand

Dir hat elo wahrscheinlech all gemengt, als Dréier vun engem Ökohellegeschäin géif ech dës Woch iwwert dem Donald Trump seng desastréis Entscheedung schwätzen. Den gudden Donald well sech jo aus dem Paräisser Klimaofkommes zeréckzéien. Dat huet weltwäit fir vill Entrëschtung gesuergt. An leider muss een och konstatéieren, datt zu dem Ulass vill waarm Loft produzéiert ginn ass, hannert där wahrscheinlech net vill steet. Amplaz datt jiddereen*t sech selwer un den Oueren hëlt, ass et natierlech ganz praktesch, op den Trump ze klappen. Konkret Mesurë vermësst een jo och zu Lëtzebuerg, an ech muss do just Stéchwierder nennen, fir dat gréngt Gewësse ganz schlecht ginn ze loossen: Tanktourismus, Ausbau vun der A3, kee Phase-out vu Verbrennungsmotore geplangt, Dieselgate, an esou weider. Mä ech wollt haut mat iech iwwert een anert Thema schwätzen, wat op mannst genee esou wichteg ass wéi de Klimawandel an dat ënnert dem Trump sengen Dommheeten e bëssi ënnergaangen ass. Mir schwätzen haut iwwert de Noutstand, och „état d‘urgence“ genannt.

Wat ass de Noutstand?

Bis elo gouf et schonn een Noustandsparagraph an eiser Verfassung. Deen huet awer just fir international Noutfäll an net fir national Noutsituatioune gegollt. D‘läscht Woch huet d‘Chamber – mat Ausnam vun déi Lénk an ADR – fir d‘Ännerung vum Artikel 32 (4) vun der Verfassung gestëmmt. Elo kann d‘Regierung an de Grand-Duc och am Fall vun enger nationaler Krisen de Noutstand ausruffen. Deen dauert als éischt zéng Deeg, kann dann awer vum Parlament op dräi Méint verlängert ginn. Wann de Noutstand aktiv ass, kann d‘Regierung mat Reglementer sou zimlech alles maachen, wouropper se Loscht huet. Natierlech steet elo an der Verfassung, déi Mesurë missten „noutwendeg, adequat an ugepasst“ sinn. An natierlech steet och am Text, déi Mesurë missten der Verfassung an internationalen Traitéën entspriechen. Mä wien soll dat am Eeschtfall kontrolléieren?

Am Fong soll de Noutstand och just dann a Kraaft trieden, wann d‘Parlament net séier genuch reagéiere kann. Mä wéi séier kann d‘Parlament iwwerhaapt reagéieren, an wien decidéiert, wat séier genuch ass?

De Noutstand ass Krisen-PR

Et ass nämlech esou: D‘Ännerung vum Noutstandsparagraph ass Krisen-Kommunikatioun vun der Regierung. An d‘Kris, dat waren d‘Terroruschléi zu Paräis am November 2015. Dat war esou no u Lëtzebuerg, datt d‘Regierung iergendwéi huet misse reagéieren. An dat huet se gemaach, an deem s de lauter komesch an zweiwelhaft Reegelungen erausginn huet. Zum Beispill d‘Geschicht mat de Prepaid-Kaarten, déi net méi anonym dierfe sinn. Wéi wann Terrorist*innen sou domm wieren, hir Prepaid-Kaarten ze registréieren!

Och de Noutstand wäert net vill géint den Terror maachen, mä d‘Regierung – an d‘CSV – kënnen sech elo dohinner stellen an sech op d‘Schëller klappen a soen: „Mir hunn eppes géint den Terror gemaach“. Wat en plus nach net stëmmt, well eleng de Paragraph keen Terrorakt wäert ophalen. Et ass renge politeschen Aktionismus, deen en plus nach ganz geféierlech fir eis Demokratie ass.

Hëlleft de Noutstand géint Terror?

A Frankräich gesi mir, datt et mol keen Verfassungsartikel brauch, fir een état d‘urgence méintelaang oprecht ze erhalen. Zanter November 2015 gëllt a Frankräich den Ausnahmezoustand – domadder goufen zwar keng Terrorattaken verhënnert, mä et ass awer vill méi einfach ginn, fir Demonstratiounen ze verbidden. Zum Beispill déi, déi bei de Verhandlungen zum Klimaofkommens zu Paräis sollte stattfannen. Insgesamt sinn Amnesty International no 155 Manifen verbuede ginn. Fir ofzeschleissen nach e puer erschreckend Zuelen: Vun 24 Attentäter, déi an deene läschten Méint a Joren an Europa islamistesch Terror- oder Morduschléi gemaach hunn, waren der 24 – also alleguerten – der Police bekannt, d‘Halschent gouf schonn vun der Police iwwerwaacht. Mir brauchen also guer net méi Iwwerwaachung oder Noutstandsgesetzer, mä vläicht einfach e Police, déi hir Aarbecht besser mécht. Dobäi dierf een och net vergiessen, datt et an Europa ëmmer méi rietsen Terror gëtt, deen vun der Verwaltung an der Politik gäre kleng gespillt gëtt.

Mir kréien also elo een Noutstand, deen am schlëmmste Fall eis Demokratie futti mécht, an am beschte Fall näischt aneres bréngt wéi een gutt Gefill fir e puer Politiker_innen. Domadder si mir erëm beim Ufank: An der Klimapolitik ass et jo dacks genee esou.

Links:

Woxx: L’état d’urgence, un danger pour la démocratie

Wort: Verschärfter Notstand

Spiegel: Unsere Sicherheit ist eine Inszenierung