Angscht a Schrecke mat e bësse Kräid

Nationalfeierdag war schonn ëfters Thema op dëser Platz. Engt Joer hunn ech d’Leit all gefoppt, well ech einfach d’Geschicht vum Virjoer erzielt hunn, well am Fong all Nationalfeierdag genee d’selwecht ass. Dir kënnt dat jo gären an der Episod Nummer 31 nolauschteren. Mä dësen Nationalfeierdag war e bëssi anescht wéi soss. Dëst Joer hu mir nämlech wierklech de Kär vu Lëtzebuerg gefeiert.

Et puer Jonker hunn sech geduecht, den 23. Juni wier am Fong den idealen Dag fir iwwert dat komescht Konzept vun der Natioun nozedenken. Si hunn e puer Géigesätz wéi „Monarchie – Republik“ oder „Arméi – Kachkéis“ gesammelt an d’Nationalhymn ëmgedicht. Dat wollten si dunn op de Buedem virun der Philharmonie molen. Mat Kräid. Fir déi ënnert iech, déi dat verpasst haten: Mëttlerweil ass d’Wëssenschaft esou wäit, datt een Kräid an der Dous ka kafen. Dat gesäit dann baal esou aus wéi Spraydouse fir Graffiten ze molen.

Eis Jonker hunn sech also mat der Kräid an der Dous op de Kierchbierg gemaach. An wat dunn geschitt ass, hutt dir sécher matkritt. Et stoung nämlech am Policebulletin. An wat am Policebulletin steet, zielen se kuerz drop um RTL, et steet an all Zeitung an den Essentiel probéiert eng méiglechst sexualiséiert Headline domadder ze bastelen. Kaum haten déi Jonk Aktiounskënschtler*innen e puer Wierder mat Kräid aus der Dous op de Buedem gesprutzt, koum d’Police. Net een Auto, mä der direkt fennef. Mir erënneren eis: Dat lei war an der Nuecht vum 22. op 23. Juni, wou meechtens dach e bëssi eppes lass ass an der Stad. Read More

Angscht a Schrecke mat de léiwe Lëtzebuerger*innen

Mir hunn gewielt .. an dass lo gutt. Wa mir an Ausland a Vakanz ginn passen mir eis zumools sprochlech gesinn un, a dat ass hei an eisem letzebuergeschen Ländchen e grousse Problem eis Sprooch net méi kennen iwwerrall ze schwätzen.

An hirem Land kréie mir mol keen Pond Botter op Letzenuergesch. Mier aktzeptéiren Sie hei an empfänken Sie an 4 Sproochen an et geet nach net duer!

wiesou muss een sech als rassist vernennen loossen well verschidden auslänner sech net wëllen intergreieren.. mol sproch net wëllen leieren an leiwer hir nationaliteit behallen..

ganz genau! Dat war nix géint regierung, nix mat net informéiert etc mais ganz einfach d’Leit hunn es saat sech hei doheem mussen unzepassen! All mensch ass wëllkomm, mais integreier dech, leier letz. ,huel eis Nationaliteit un an schonn kannste matbestemmen/wielen.

Et geet héich Zäit dat Lëtzebuerg rëm Lëtzebuerg gëtt. Sin ech rassist? Nee, sécher net. Me a kengem aneren Land mussen Bierger sech un d’Auslänner sou upassen wei mir dat hei Dag fir Dag man

A wann ech elo als Rassist bezéechent ginn, dann sinn ech houfreg dorop. Dat ass nach 100x besser ewéi dat aktuellt lénkt Gesabbels

mir mussen eist land beschützen dass den weouscht net och nach hei hinner kennt, an eist schéint letzebuerg zersteiert

go fuck mat der scheiss regierung an immigranten an jo leck mech sieg

dei drei froen woren super neeeeee :) déi 4 fro misst och drop sen elo ass et ze spéit fir homosexueler 4x nee do huet den herrrr bettelen gewonen

mir haten grad déi ennerhalung hei ma wann awunnerwahlrecht duerch geiw kommen da kommen grenzgäner as soen mir wëllen och mat stemmen mir schaffen hei an bezuhlen steieren dann kennt den an den ma dann mir huerno soen mir mol en junguslav als minister do setzen wau sett ech si auslänner an ech regieren letzebourg nee nee net mat mir ech hu mir grad en buch gemad iwwer dat referdum dingsbums do wat hei offleeft das nee soet als rassist durr gestahlt ginn asw

Nee mir halen net ob den Härr X. Bettel a seng aner Leit wollten Eist Land an eis Sproch verschenken

dei solle freu sinn iwar habt hey kennen ze sinn d’auslener hurlen eis arbeschplazen wesch déi kréien schon méi wei mir letzebuer! Et geet jo schonns dur dassen se an eist land kommen an dann nach ze domm an ze liedarech sinn eis sproch ze leiaren dat ass eng freschet!

jo ganz genau dat wat da vill net verstinn mer sinn keng rassisten déi mécht ginn dozou mat dennen emstenn wou hei am land sinn well se eben alles kréien wat se wëllen an mer bleiwen op der steck

ech si keen rassist mee wei kann et sinn dass et verschiddenen auslänner besser geet wei eis selwer an eisem eegenen land??????

genau dursch esou leit weis du geet een zum rassist. Dom sablen a sprudelen. Déi leit déi am gruew konnten schaffen waren a sinn dankbar dovier dat letebouerger si dat maachen gelooss hunn. Awer ech si mer sécher dats du ni an engem gruew sungs wann s du iwerhabt schon mol geschafft hues awer vum domme lëtzebuerger senge steieren sech sozial ennersetzen loossen oder kannergeld vum dommen lëtzebuerger an se kasseieren do kanns de wuel matschwätzen

net all jo-wieler ass e landesverräter … mais all landesverräter wielt jo!

Dat, wat dir elo héieren hutt, ware Commentairen op sozialen Netzwierker an op Newssiten. Dat sinn natierlech alles Eenzelfäll, net an iergendenger Form repräsentativ, Xenophobie ass grondsätzlech kee Problem zu Lëtzebuerg, Lëtzebuerger*innen géifen ni eng Entscheedung treffen, déi géint Auslänner geet, do sinn ech mer zu 20% sécher!

Photo: cc-by dierk schaefer

Angscht a Schrecken nom Referendum

Wéi ech Enn 2014 entschloss hunn, aus dëser Rubrik eng Zort politesche Kommentar ze maachen, wou ech, ëmmer wann et opportun erschéngt, d’Lag vum Land analyséieren an d’Politik duerch de Kaba ze zéien, hunn ech mir geduecht, dat géing witzeg ginn. An ech géing net méi an all Episod eppes vu mengen zwee ale Bekannten Angscht a Schrecken zielen.

Ma, si sinn zeréck. Dir kënnt iech sécher denke wisou, wann dir déi läscht Méint net hannert engem Stee gelieft hutt. 80,87 % vun de wahlberechtegte Lëtzebuerger_innen sinn géint d’Wahlrecht ab 16, 78,02 % géint d’Auslänner_innenwahlrecht an 69,93% wollten och näischt vun enger Mandatsbegrenzung fir Regierungsmembren wëssen.

Wa mir lo bedenken, datt déi Prozentsätz net géifen duer goen, fir d’Majoritéit an der Bevëlkerung ze stellen, da kënne mer eis kuerz besser fillen, mä et ännert näischt um Resultat. An natierlech ass d’Resultat och zu engem Deel Schold vun der schlechter Organisatioun, der peinlecher Campagne, der Opklärung, déi ni statt fonnt huet, dem Onmut géint déi aktuell Regierung. Read More

Angscht a Schrecken 6 Joer um Radio ARA

“Haut”, 6. Dezember virun 6 Joer, also den 6. Dezember 2004, ass eng nei Sendung um Radio ARA ugelaf. De Crumble. Am Cadre vu Graffiti, haten sech gescheit Leit geduecht, brauch et e Magazin mat enger revolutionärer Sprengkraaft, déi Gesellschaft aus den Aangelen hiewe kéint.

Nach méi gescheit Leit soten: Lo kucke mer mol, wat déi Jonk selwer wëllen. An déi Persoun huet den Telefon geholl an huet rondrëm telefonéiert. Esou, wéi een dat an der gudder aler Zäit gemaach huet. Well deemools, 2004, do haten d’Leit et nach net all esou mat Email …

Read More

Angscht a Schrecken virun, bei an no enger sportlecher Groussveranstaltung

Et gi Leit, déi fillen sech zu enger Natioun zougeheireg. Ech fannen dat komesch, mä ech fannen et och komesch wann Leit mat engem SUV duerch d’Staat fueren, well se mengen se wiere soss net sécher. Déi Leit hunn d’Tendenz, no Fussballsmatcher an hier Autoen ze klammen an ze tuten. Och dat fannen ech komesch. Nach méi komesch fannen ech awer déi allem Uschäin no zimlech lëtzebuergesch Mentalitéit, fir Blockwart spillen ze mussen. Een selwer wier jo net esou. Oder et géif een tuten fueren, wann déi, déi soss ëmmer tuten, verléiere géifen.
An elo huet den Grand-Duché dann och seng sportlech Héchstleeschtung gehat …

Read More