Angscht a Schrecken no Bréissel

Et ass scho komesch. Do stierwe Leit an engem terroristeschen Attentat am Häerz vun Europa. An fir verschidde Leit ass den éischte Reflex, ob Facebook ze posten, datt dat alles d‘Schold vu „Multikulti“ wier. An datt een elo nach manner Refugees an Europa loosse sollt. Dat Leit, déi viru Krich an islamisteschem Terror vun Daesh flüchten, iergendeppes mat den Attentater zu Bréissel ze dinn hätten, ass zwar absurd, mä dat ass egal. Déi meecht Rietspopulist*innen vun der AfD, der Front National oder der ADR, déi och ëmmer méi engem Ouschterhues (bausse brong, bannen huel) gläicht, wosste scho genee, ween d‘Attentäter wieren, do wosst d‘Police et mol nach net.

Et ass fir ze katzen.

D‘Rietspopulist*innen hunn an deene leschte Joeren an Méint a ganz Europa staarken Opwand kritt. An net nëmmen an dee Parteie wéi ADR, FPÖ, AfD, FN, an sou weider sinn d‘Hetzer*innen ze fannen. Och an den Parteie vun der sougenannter „Mëtt“ gëtt sech ëmmer weider no riets beweegt, wéi een um Beispill vun der éisterräichescher Regierung gesäit. Déi zitt een Ofschottungsprogramm duerch, datt d‘FPÖ wuel net besser hi kritt hätt. Mä och zu Lëtzebuerg ginn et verschidde CSV-Granden, déi stänneg duerch hir penibel Kommentaren opfalen, wou se Refugees, den Islam an Terror an een Dëppe werfen an zum Beispill behaapten, Mosleme kéint een wéinst hirem Fraebild net gutt integréieren. Read More

Angscht a Schrecke mat Refugees

Et ass dat Thema, datt Noriichte säit dem Summer dominéiert: Leit, déi viru Krich a Verfolgung flüchten. An dat zu Fouss. An Europa.

Iert mir Biller vun den Garen zu Budapest, Wien oder München gesinn hunn, wou déi Leit net an den Zuch gelooss gi respektiv frëndlech empfaange gi sinn, hu mir aner Biller gesinn. Biller vun doudege Kanner un der griichescher Côte, Biller vun engem Camion iergendwou op enger éisterräichescher Landstrooss, an deem iwwer 70 Leit erstéckt sinn. Dat war natierlech ëmmer d‘Schold vun deene béise Schlepper an ni dovunner, datt et einfach kaum legal Méiglechkeet gëtt, an d‘EU ze kommen, wann ee flücht.

Dunn sinn d‘Leit eben zu Fouss komm. Wisou eigentlech? De Krich an Syrien leeft jo scho säit e puer Joer, DAESH ass och net grad den allernéisten Phänomen. Tatsächlech ware vill Leit an den Camps direkt un der syrescher Grenz, zum Beispill am Libanon. 1,8 Millioune Refugees sinn am Libanon. Do muss een, genee wéi an der Tierkei, zum Deel awer Joeren op een Datum fir eng Asylprozedur waarden. Währendem hat den World Food Programm vun er UN keng Sue méi. Tjo. Da setzen d‘Leit an den sougenannten „sécheren Drëttlänner“, hunn keen Asylstatus, däerfen net schaffe goen, kréie keng Sozialhëllef an souguer vun der UN kënnt näischt méi z‘iessen. Wat géift dir maachen? Read More