Angscht a Schrecke mat der lëtzebuergescher Sprooch

Déi läscht Deeg war d‘lëtzebuergesch Sprooch vill an den Medien. Zënter een Mëttwoch kann de Google Translator da lo och nieft Klingonesch och endlech Lëtzebuergesch. Ausserdeem war de Sonnden 21. Februar erëm den internationalen Dag vun der Mammesprooch. D‘UNESCO mécht all Joer een Rapport, an all Joer kréie mir ze héieren, datt d‘Lëtzebuergescht a Gefor wier. Woubäi d‘UNESCO vun „vunerable“ an net vun „endangered“ schwätzt. Zäit also, fir mol Kloertext iwwert déi lëtzebuergesch Sprooch ze schwätzen.

Fänke mir vu vir un. Ass et iwwerhaapt eng Sprooch?
Jo. Spéitstens zanter 1984. Do huet Lëtzebuerg nämlech e Sproochegesetz gestëmmt, an deem d‘Lëtzebuergescht offiziell als Landessprooch deklaréiert ginn ass. Ex legis ass Lëtzebuergesch also eng Sprooch. An och déi allermeescht Linguist_innen géifen dee Verdikt deelen. Se géife vläicht soen, Lëtzebuergesch wier eng „Ausbaussprache“, dat heescht eng zimlech jonk Sprooch, déi de Sprong vum Dialekt nach net sou laang gepackt huet. Mä am Fong ass dat egal.

Sprooche sinn nämlech vill manner natierlech an organesch gewuess, wéi mir dat vläit mengen. Déi allermeescht Sproochen hunn iergendwann eng Phas vun Normaliséierung an Standardiséierung duerchlaf. Franséisch, wéi mir et haut kennen ass och aus engem Nationale Mouvement entstanen. Um Enn vum 18. Joerhonnert (1789) hunn just d‘Halschent vun de Fransousen iwwerhaapt Franséisch geschwat. Déi aner hunn lokal Dialekter geschwat, déi dacks wéineg mat haitege Franséisch ze dinn haten.
Een anert Beispill wier Slowakesch, dat et am Fong réischt gëtt, zënter datt d‘Tschechien an d‘Slowakei net méi ee Land sinn. Oder Bosnesch, Kroatesch a Serbesch, déi offiziell an deene betreffende Länner eege Sprooche sinn, mä déi normalerweis als „BKS“ zesummegefaasst ginn an fir déi et sou och Sproochecourse ginn.

Sproochen hunn also ëmmer eng politesch Dimensioun an ginn dacks gezielt benotzt, fir een Nationalgefill opzebauen. Oder fir et anescht ze soen: Eng Sprooch ass en Dialekt mat enger Arméi. Eist mouselfränkescht ass eng Sprooch. Thema geklärt.

Ass d‘Lëtzebuergescht a Gefor oder vulnerabel?

Ass d‘Lëtzebuergescht a Gefor oder vulnerabel? D‘UNESCO seet vulnerabel a bezitt sech domadder virun allem op d‘Zuel vun de Leit, déi lëtzebuergesch schwätzen. Datt dat der weltwäit net sou vill sinn, ass gewosst. Et gëtt awer och nach den EGIDS-Level. EGIDS steet fir „Expanded Graded Intergenerational Disruption Scale“. Op der Skala huet Lëtzebuergesch eng 4. Dat ass och schonn déi beschte Kategorie. An da kënne mir och nach kucken, wat dann de Statec oder d‘Uni Lëtzebuerg dozou soen. Déi hunn eng 2011 Etude gemaach, an do ass erauskomm, datt 70% vun den Residenten zu Lëtzebuerg lëtzebuergesch kënnen. Och wann d‘Leit an hirem Alldag just eng Sprooch benotzen, ass Lëtzebuergesch déi meeschtgenannten.

Eng Sprooch? Check. Net a Gefor? Check. Am Fong kéint ech lo ophalen, mä da komm mir schwätzen nach e bëssen iwwert dat, wat bei sou Meldungen op Facebook geschitt. D‘Leit reege sech nämlech fuerchtbar op an wëllen net gleewen, datt méi Lëtzebuergesch wéi virdru geschwat a geschriwwe gëtt.

An déi Leit schreiwen dat op Facebook. Mat hirem Smartphone. Wéini hutt dir fir d‘läscht lëtzebuergesch op e Stéck Pabeier geschriwwen? An de 90er? Déi läscht Kaart aus der Vakanz? Duerch den Internet an déi sozial Medie gëtt et vill méi schrëftlech Kommunikatioun. Ufangs war dat éischter eng privat Sphäre, wou een vläit mol een Mail oder eng SMS un e puer Persoune geschriwwen huet. An der privater Sphär ass am Fong scho laang d‘Lëtzebuergescht benotzt ginn, eben zum Beispill wann een enger Persoun een private Bréif geschriwwen huet. An deene läschte Joeren huet sech d‘Internetnotzung awer sou verännert, datt een bei Plattforme wéi Facebook op mannst zum Deel vun enger place publique schwätze kënnen, ob där elo selbstverständlech Lëtzebuergesch benotzt gëtt. Am Fong ass dat en gewaltege Fortschrëtt fir eng Sprooch.

Et léieren och méi Leit lëtzebuergesch wéi virdrun, d‘Sproochecourse sinn ëmmer voll. Et ginn och méi Méiglechkeeten. Et gëtt Online-Dictionairen, et gëtt de Spellchecker an et gëtt infolux.lu, eng Plattform vun der Uni Lëtzebuerg, wou een Froen zum Lëtzebuergesche stelle kann. An wann een sech dat wierklech well undoen, kann een och mam Astrid a Jérôme Lulling op Youtube Lëtzebuergesch léieren.

Wisou léieren d’Letzeboier keen Lëtzebuergesch?

Mä et huet een d‘Gefill, dat vill Leit sech selwer opginn. Se hätten zwar am léifsten, datt all Frontalier an all Refugee scho perfekt Lëtzebuergescht schwätzen, wann déi déi éischte Kéier d‘Aire de Berchem passéieren, mä selwer maachen se keen Effort. An dat esouguer duebel net.
Engersäits ginn se et net midd, ze widderhuelen, datt een Lëtzebuergesch jo net an der Schoul géif léieren an et dowéinst jo och bëssi egal wier, wéi een et géif schreiwen. Se ignoréieren, datt een och ausserhalb vun der Schoul Saache ka léieren. Esouguer Sproochen. Ausserdeem ass et hinnen egal, datt si et mat hirem falsche Geschreifs méi schwéier maache fir Leit, déi Lëtzebuergesch léieren. Et kann een eng Sprooch nämlech net „just schwätze“ léieren, et brauch een – grad an enger Friemsprooch – den schrëftleche Support fir zum Beispill Vokabelen effektiv kennen ze léieren. Ween sech also weigert, een Effort ze maachen, fir op ëffentleche Plaze richtegt Lëtzebuergescht ze schreiwen, setzt sech aktiv dofir an, fir d‘Integratioun méi schwéier ze maachen.

An deen aneren Effort, deen d‘Leit vum Typ „ech géif mäi Croissant gären op Lëtzebuergesch bestelle“ net maachen, ass hir Méisproochegkeet ze trainéieren. Ween aus dem lëtzebuergesche Schoulsystem kënnt, kann duerno véier Sprooche méi oder manner gutt. D‘Lëtzebuerger_innen schénge virun allem virum Franséisch Angscht ze hunn. A wa mir éierlech sinn: De ganze Bulli, deen een iwwer Croissanten an iwwer Leit, déi sech no hirem 8-Stonnen-Schaffdag mat annerhallef Stonn Trajet an eng Richtung gefällegst nach sollen an een Lëtzebuergeschcours setzen, dee kënnt dach net, well Lëtzebuergesch sou eng schéi Sprooch wier. Nee, d‘Leit schwätzen einfach net gäre Franséisch. Et ass eng komplizéiert Sprooch mat enger komescher Aussproch. Vill Leit hunn wahrscheinlech – genee wéi ech – en klengen Trauma aus der Schoul behalen, wou et vill méi ëm de plus-que-parfait subjonctif gaangen ass wéi dorëms, wéi een sech da lo am beschten e Croissant bestelle kann.

Dat ass voll okay. Mir sinn méisproocheg, dat ass een grousse Virdeel, deen de Schoulsystem zu Lëtzebuerg mat sech bréngt. Et kann een net all Sprooch perfekt kënnen. Ech hunn lo ugefaangen, op dem Sprocheléiersite „duolingo“ mäin Franséisch opfrëschen.

Jo, et ass komplizéiert an engem méisproochege Land ze wunnen. Net jiddereen huet een Talent fir Sproochen. Lëtzebuergesch ass eng Sprooch. Eng Sprooch ass wéi een Stéck Handwierksgeschir a keen nationalen Obelisk, dee mir als Phallusersatz an den Musée stelle sollten. Ech hat op dëser Plaz schonn den Entworf fir déi nei Verfassung kritiséiert, déi d‘Sprooch als Symbol vum Land virgesäit. Domadder géifen déi aktuell Grief anzementéiert ginn. A mengen Ae sollt een d‘Méisproochegkeet vu Lëtzebuerg zelebréieren. An vläicht ufänken, de Leit virum conditionel bäizebréngen, wéi een e Croissant bestellt.

Quellen:

photo cc-by Marc Ryckaert

Dir huet dës Episod gefall? Dann hëllef mat se ze verbreeden! Du kanns dës Buttons dofir benotzen:

4 thoughts on “Angscht a Schrecke mat der lëtzebuergescher Sprooch

  1. Juristesch gesinn ass Lëtzebuergesch keng Sprooch méi, zanter dem Referendum iwwer d’Europäesch Verfassung. Deemols hunn d’Lëtzebuerger majoritär fir een Verfassungstext gestëmmt, an deem kloër drasteet, wéi eng europäesch Sproochen et gëtt, a Lëtzebuergesch ass do net dobäi. An deem Text steet och kloër an däitlech, datt Lëtzebuerg francophone ass, (och däitsch ass zanterhier juristesch gesinn keng Lëtzebuerger Sprooch méi) an et steet och drann, datt Lëtzebuergesch een schützenswerten lokalen Idiom (also keng Sprooch) ass.
    Op d’Lëtzebuerger Sproochegesetz vun 1984 kann een sech zanter dem Akraafttrieden vun den Texter zur Europäescher Verfassung net méi beruffen, et gëllt de Prinzip “droit européen prime droit national”.
    Ënnert anerem aus dësem Grond erkennt och d’Europäesch Union Lëtzebuergesch net méi als Sprooch un. Well d’Letzebuerger sech am Referendum iwwer d’Eu-Verfassung majoritaire als francophone bekannt hunn, an sech géint Lëtzebuergesch als Nationalsprooch ausgeschwat hunn, ass et och undemokratesch an falsch sech elo nach op dat aalt Sproochegesetz aus den 80er Joren ze berufen, no deem et dräi administrativ Sproochen (L,F an D) an eng nationale Sprooch (L) gouf. Dest Gesetz ass duerch d’Europäescht Recht opgehuewen an am juristeschen Sträitfall als hifälleg ze betruechten.

  2. Les contrats de Lisbonne stipulent que le Luxembourg est francophone et que le luxembourgeois est un idiome local. Ceci a été décidé suite au référendum ou les luxembourgeois ont adopté les textes concernant une constitution pour l’Europe. Le droit national étant primé par le droit européen, la loie nationale sur les langues de 1983 est caduque.

  3. @François M. & John Fr. T.: Et ass scho witzeg, wann een deen selwechten Kommentar ënnert zwee verschiddenen Nimm poste muss. Leider ass dat natirlech Blödsinn, well d’Arbechtssproochen vun der EU näischt domadder ze dinn hunn, wat um nationale Plang als Nationalsprooch gëlt. En plus erkennt d’EU Lëtzebuergesch als “Minderheitensprache” un.
    http://www.luxembourg.public.lu/de/le-grand-duche-se-presente/luxembourg-tour-horizon/langues-et-letzebuergesch/index.html

  4. Eng Sprooch ass en Vecteur fir ze Kommunizeieren, genausou wei d’Tonaliteit, d’Kiepersprooch an d’Mimik. Wann ech main Croissant frendlech froen an mam Fanger drop weisen dann kann ech deen och op chinesesch bestellen. Ech leen net meng Hänn an d’Feier daat daat Argument “Wann ech an engem aneren Land geif wunnen – dann…( dir kennt de Rescht vun der Leier)” fir eis letzebuergesch Expats zu Dubai an Mali gëlt. Bonne Chance ( iwwersaat: decke Fund) fir den Block vun 3x Nee, daat hien seng wichtech Petitioun duerchgerongen kritt, dann kennen se sech weider ennerteneen bestueden an 1,2 Kanner kreien déi hieren Krätz weiderbraddelt.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *