Angscht a Schrecken am Paradäis

Dir hutt et sécher matkritt. Verschiddener vun iech erwaarden sech elo vläicht, datt ech géif soen „Ech sinn erëm zu Lëtzebuerg“. Dat stëmmt zwar, mä ech hunn keng Zäit, fir laang doriwwer ze schwätzen, wéi schlëmm a komesch dat ass. Mir hunn méi wichteg Saachen ze diskutéieren. Alt erëm eng Kéier huet den ICIJ, den internationale Konsortium vun investigative Journalist_innen eng Recherche zu engem Leak verëffentlecht. Deen nennt sech dës Kéier „Paradise Papers“ an dréit sech ëm Steiernischen op diversen Inselen, ënnert anerem déi vun der britescher Kroun wéi d‘Ile of Man.

An alt erëm eng Kéier ass Lëtzebuerg implizéiert. Et hätt eis jo alleguerten gewonnert, wann dem net esou gewiescht wier. A witzegerwéis ass een Deel vun der Lëtzebuerg-Paradise-Connectioun d‘Shakira, déi kolumbianesch Sängerin. Si huet sech iwwert een lëtzebuergeschen Expert eng Firma zu Malta organiséiert. Wat si mat där mécht, ass bestëmmt zu honnert Prozent legal. Mä et däerf een sech trotzdeem froen, wisou mir dat bei deenen Enthüllungen ëmmer dobäi soe mussen. Do huet iergendeen eng komesch Konstruktioun vun 4 Firmen iwwert deen hien oder hat säin Privatjet u sech selwer least a muss dowéinst da keng TVA op deen Privatjet bezuelen. Sou een Jet kascht kritt een sou vun graff 4 Milliounen un, do kënnt scho bëssi TVA zesummen. Den Lewis Hamilton – een Formel 1-Fuerer – huet iwwer 18 Millioune Euro op sengem Privatjet gespuert. Wahrscheinlech ass dat komplett legal gewiescht.

Mä sou Saache sinn ethesch eben net esou okay. Wann een_t sech souwisou een Jet leeschte kann, sollt d‘TVA am Fong och dran sinn. Bei de Superräichen wéi dem Shakira, dem Bono an dem Hamilton jo souwisou, a bei multinationale Firmen jo nach vill méi. An och fir déi kleng „Paradäiser“, déi gären déi puer Prozent Taxen huelen, déi Firmen an Räicher hinnen nach loossen, fir an hiren Heemechtslänner näischt ze bezuelen, ass dat zwar eng gutt Affär, mä eben ethesch a moralesch immens zweiwelhaft. Ech hat op jo schonn eng Kéier erkläert, wisou ech déi üblech lëtzebuergesch Excuse vun „et ass net illegal“ net iwwerzeegend fannen. Mä ech well haut op een anere Punkt eraus.

Vill Leit froen sech nämlech, wisou sech keen opreegt. Also, natierlech reegen ech mech op – mä scho manner wéi bei de Luxleaks oder de Panama Papers, well och ech ofstompen – an nach eng gutt Rëtsch Leit méi. Mä wann op Facebook gezielt gëtt, Refugees géifen vun der Caritas een Handy geschenkt kréien, huet een d‘Gefill, et kéint all Moment de Mob mat Mëschtgafelen an Fackelen op der Strooss stoen. Wisou also reege sech sou wéineg Leit doriwwer op, datt déi, déi souwisou scho méi wéi genuch hunn, sech nach méi huelen, wéi hinnen zousteet?

D‘Äntwert ass einfach: Si wieren och gären sou räich. A mir kréien jo all stänneg gezielt, wa mir just haart a laang genuch géife schaffe a fläisseg genuch wieren, kéinte mir et och packen. An fir déi, wou et net packen, gëtt et ëmmer nach d‘Méiglechkeet, am Lotto ze gewannen. An iert dir elo mengt, ech géif all déi Leit fir domm halen: Mir geet et ganz ähnlech. Reegelméisseg erwëschen ech mech bei Gedanken, déi ufänke mat „Wann ech bis räich a berühmt sinn“. Jo, bal jidderee_nt dreemt dovunner, och eng Yacht, e Privatjet oder Museksrechter am Wäert vun 30 Milliounen ze hunn. An denkt sech, ganz heemlech: „Ech géif och keng TVA op mengem Jet bezuele wëllen“. Dat selwecht ass iwwregens de Grond, wisou Verméigenssteieren esou onpopulär sinn. Oder Ierfschaftssteieren. Net, well et esou vill Leit ginn, déi fuerchtbar vill Verméigen hätten, wat besteiert kéint ginn. Mä well de Gros vun eis hofft, dach nach iergendeng Grousstata ze hunn, déi geschwënn ofkraazt an eis e Verméigen hannerléisst.

Wann dir net scho räich sidd, stinn d‘Chancen, datt dir et gitt, enorm kleng. Déi meescht Leit ginn eben net räich, well se vill schaffen oder eng genial Iddi hunn, mä well se vum Papp eng Millioun geléint kréien, fir den éischte Business opzemaachen.

D‘Paradise Papers sollten eis Ulass ginn, fir doriwwer nozedenken. Net nëmmen iwwert den Privatjet, deen een_t ni wäert hunn, mä och doriwwer, wat d‘Implikatiounen dovunner sinn, wann sech Leit mat Suen alles erlabe kënne. Dat geet nämlech nëmmen esou laang, bis de Recht aus dem Dram vum eegenen Jet erwächt.

Angscht a Schrecken am Joer 2016

Elo ass et endlech eriwwer, datt schrecklecht Joer 2016. Egal, wéi et fir een*t perséinlech war, um internationalen Niveau war 2016 sécherlech alles aneres wéi erfreelech. Elo kann een natierlech soen, datt déi Meenung vläicht virun allem dovunner gepräägt ass, datt eis vill Prominenter an Kënschtler*innen fir ëmmer verlooss hunn. Den Doud ass nun emol een Deel vum Liewen an et ass och iergendwéi normal, datt Leit vun enger bestëmmter Generatioun op een Mol stierwen. Mä och ouni all déi – sécherlech tragesch – Doudeger war 2016 keen gutt Joer.

Zu Lëtzebuerg si mir mat der Meldung gestart, datt am Trifolion den Thilo Sarrazin géif optrieden. Den Sarrazin ass net einfach just ee Mënsch mat enger kontroversieller Meenung, mä een ausgemaachten Rassist, deen seng Theorien pseudowëssenschaftlech ze hannerleeë versicht. Wisou een ëffentlecht Kulturzentrum esou engem Mënsch onwiddersprach eng Bühn muss bidden, an dat och nach ouni kritesch Froen zouzeloossen, dat ass fir mech wierklech net ze verstoen. Datt et antifaschistschen Protest gouf, ass nëmmen normal an ze begréissen. Wéi medial mat dem ëmgaangen ass, war och Inhalt vun enger Episod. Read More

Angscht a Schrecken nom Brexit

Oh méi.
D‘Leit aus dem Vereenegte Kinnekräich hunn also fir de sougenannte Brexit gestëmmt.
D‘UK soll also aus der EU austrieden.

Et huet ëmmer bëssen onméiglech geklongen, well et jo wierklech eng schlecht Iddi ass. Et kann een villes un der Europäescher Unioun kritiséieren. Zum Beispill, datt se net immens demokratesch an dacks ze bürokratesch ass. Mä doduerch, datt de Kontinent dat lescht hallewt Joerhonnert domadder verbruecht huet, zu engem wirtschaftleche Raum zesummen ze wuessen, ass een Enn vun der Unioun – oder eben een Austrëtt – fir vill Leit net virstellbar.

An alleng op prakteschem, alldeeglechen Niveau ass grad d‘Reessfräiheet an d‘Fräiheet, iwwerall an der Unioun wunnen, schaffen oder studéieren ze kënnen eppes, ouni dat vill vun eis sech een Liewen net méi kënne virstellen. Grad Jonk Leit profitéieren enorm vun de Méiglechkeeten, déi zum Beispill den Erasmus+ Programm bidd. Och Beräicher wéi Wëssenschaft, Konscht a Kultur gehéieren zu deene Sektoren, déi vill vun EU-Sue profitéieren an och ville jonke Leit ze gutt kommen. Déi Jonk am UK verléiere lo villes, wat fir eis selbstverständlech ass. Et liest een vill, datt déi Aal deene Jonken d‘Zukunft souzesoe geklaut hätten, well déi meescht Jonk géint de Brexit gestëmmt hunn, déi Aal zum gréissten Deel awer dofir. Allerdéngs muss een dobäi och beuechten, datt grad déi ganz Jonk zwëschen 18 an 24 Joer zu enger grousser Majoritéit net wiele waren. Read More

Angscht a Schrecken am Panamakanal

Et ass alt erëm eng Kéier sou wäit. Ee grousse Leak iwwer Bréifkëschtefirmaen ass gëschter verëffentlecht ginn. D‘Panama Papers, sou huet den ICIJ, den „International Consortium of Investigative Journalists“ dëse Leak genannt, ass bis elo de gréisste Leak vun der Geschicht. Kuerz zesummegefaasst: de Leak kënnt aus dem Cabinet „Mossack Fonseca“ mat Setz am Panama. An den Dokumenter ass ze gesinn, wéi Räicher, Politiker*innen an Sportler*innen hir Suen an Bréifkëschtefirmaen investéieren, dacks mam Hannergedanke fir d‘Sue virum Fiskus ze verstoppen. An obwuel et haaptsächlech ëm Bréifkëschtefirmaen am Panama geet, ass Lëtzebuerg natierlech och involvéiert.

Ënnert deene Banken, déi am meeschte Bréifkëschtefirmaen am Panama fir hir Clienten ugefroot hunn, sinn direkt véier lëtzebuergesch Banken an den Top Ten. Ganz uewen op där Lëscht ass d‘Experta, eng Filial vun der BIL. Déi gehéiert iwwregens zanter 2011 zu 90 Prozent zu „Precision Capital“, hannert deene Leit aus dem Qatar stinn. Read More

Angscht a Schrecken am Steierparadäis

Angscht a Schrecken sinn erëm do! De Site kruut een néie Layout, d’Serie bëssen een aaneren Fokus, mä déi zwee aal Bekannter Angscht a Schrecken wäerte ni fehlen.

Virun e puer Méint huet de Magazin „forum“ een Dossier iwwert Steierlandschaft zu Lëtzebuerg eraus bruecht. Wat klengt wéi eng Sammlung vun onheemlech langweilegen Aufsätz an enger Massendengerzäitschrëft, war a Wierklechkeet awer richteg interessant: Et ass nämlech ëm déi berühmt-berüchtegt tax-rulling gaangen. Dat war wuelgemierkt scho laang virun #luxleaks an huet vun allen Säiten erklärt, wéi dat funktionéiert an ween dovunner profitéiert. Besonnesch schéin war och d’Titelbild, dat d’Stad voller Palmen gewisen huet. Read More